... oder esouguer kënschtlech vu Wëssenschaftler produzéiert gi wier. Et ass eng vun de ville Rumeuren, déi ronderëm d’Pandemie vum COVID-19 zirkuléieren, ouni dass et wierklech schlësseg Beweiser géifen duerfir ginn.
Wuhan um Yangtse, 12 Millioune-Metropol an der Provënz Hubei. Souguer China bestreit net, dass de SARS-CoV-2 vun hei kënnt. Mee offiziell verdeedegt een d’Hypothees vum Maart. Dat ass déi Versioun, déi d’Welt gleewe gedoe gouf, nodeems de Regimm am Ufank wollt alles verheemlechen an de Whistleblower, de Medezinner Li Wenliang, zréckgepaff hat. De Mann ass kuerz drop selwer um Virus gestuerwen.
D’Reaktioun vu Beijing war plomp an huet déi souwisou ugeschloe Vertrauenswierdegkeet vum ontransparente Regimm weider kompromettéiert. D’Basis fir nei Verschwierungstheorië war domadder geschaf.
Et kann ee scho bal vun enger aussergewéinlecher Koinzidenz schwätzen, dass een neie Coronavirus, deen ursprénglech op Fliedermais zréckzeféieren ass, genee an där Stad fir d’éischt Mënschen ustécht, wou e sougenannte BSL4-Labo, eng sougenannt Biosafety-Level 4-Infrastruktur, zanter der SARS-Epidemie 2003 u Coronavire vu Fliedermais fuerscht.
Mee Wëssenschaftler vun der Weltgesondheetsorganisatioun vu Genève kréien eng onofhängeg Enquête zu Wuhan refuséiert. Bis d’Kris eriwwer wier, seet Beijing. Mee firwat huet China déi Wëssenschaftler bestrooft a kal gestallt, déi de Rescht vun der Welt wollte warnen am Dezember? Beijing deet sech schwéier domat, d’Kaart vun der Transparenz ze spillen.
D’Wëssenschaftler zu Wuhan maachen awer kee Geheimnis draus, dass se zanter 2015 zesumme mat Kolleegen aus den USA an Australien u Coronavire fuerschen. Et gëtt esouguer ee Promovideo vum Institut, wou een de Fuerscher Tian Junhua dra gesäit an enger Grott an der Provënz Hubei Fliedermais fänken, fir duerno am Labo Analysen ze maachen. E Beweis duerfir, dass ee Virus aus dem Labo un d’Ëffentlechkeet komm wier, ass et awer sécher net.
Aus engem dréchene 15-Säite-Rapport ëm déi wëssenschaftlech Aarbecht gëtt allerdéngs eng knuspreg Story, nodeems dat rietslastegt australescht Murdoch-Blat “Daily Telegraph” den Dossier ugangs Mee opgräift. D’Journalistin Sharri Markson schwätzt vun engem Fuerschungspabeier. Fir de Murdoch-Sender Fox an den USA ass et awer schonn eng Geheimdéngscht-Informatioun vu Five Eyes, der Allianz vun de Noriichtendéngschter vu Kanada, Groussbritannien, Australien, Neiséiland an den USA.
Alleguer déi Geheimdéngschter dementéieren awer, Informatiounen iwwert e Virus ze hunn, deen aus engem Labo un d’Ëffentlechkeet komm wier. D’Sharri Markson distanzéiert sech vun der Lige vu Fox-News an och d’WHO an den Jeremy Konyndyk, de Beroder a Coordinateur vun der US-Regierungspolitik am Fall vu Pandemien, qualifizéiert eng Fuite aus engem Labo als onwarscheinlech, mee d’Geschicht hat hire Wee bis an dat Wäisst Haus scho fonnt.
Bis haut sinn den Trump an och säin Ausseminister all Beweis schëlleg bliwwen. Et war méiglecherweis e weidert Oflenkungsmanöver vu Washington vum katastrophale Management vun der Covid-Kris am eegene Land. A punkto Kredibilitéit läit de Rimm esou erof, wéi schonn 2003 beim Märche vun de Massevernichtungswaffe vum Saddam Hussein.
Déi meescht Wëssenschaftler si sech eens, wat d’Origine vum SARS-CoV-2 uginn, mee net all. Ee vun de Skeptiker ass de Fransous Luc Montagnier, dee seet, de Virus wier manipuléiert ginn.
De Luc Montagnier misst wëssen, wouvun e schwätzt. E krut 2008 de Nobelpräis an der Medezin fir d’Decouverte vum HIV.
HIV-Medikamenter mat de Wierkstoffer Lopinavir a Ritonavir koumen effektiv a China an den Asaz bei Covid-Patienten. Een ofschléissende Rapport iwwert hiren Notze gëtt et nach net.
De Raum vun der Ongewëssheet fëllt sech erëm mat neie Froen, Spekulatiounen an Theorien, déi méi oder manner mat Fakte beluecht kënne ginn a muncher och net, an als Konspiratioune weider dohier geeschteren.

Serie Verschwörung (1): Coronavirus scho bei Militär-WM 2019 zu Wuhan ausgebrach?