Den Donald Trump huet en Dekret erausginn, fir d'sozial Netzwierker méi streng ze kontrolléieren.

No engem Sträit mat Twitter wëll den US-President Donald Trump déi gesetzlech Privileegien vun de soziale Netzwierker aschränken. Hie reprochéiert hinnen Zensur an esou d'Demokratie an d'Meenungsfräiheet a Gefor ze bréngen.

Vill Detailer sinn nach net gewosst, mam Dekret wëll den US-President scheinbar besonnesch géint de Paragraph 230 vum Communications Decency Act virgoen. Doran ginn d'Bedreiwer vun Internetsäiten vun der Responsabilitéit fir déi vun den User verëffentlecht Contenuen entbonnen.

Twitter huet d'Virgoe vum Trump reaktionär genannt. Domat wier d'Zukunft vun der Meenungsfräiheet am Internet a Gefor. Eng Porte-parole vu Google huet erkläert, datt mat deem Dekret déi amerikanesch Wirtschaft geschiedegt gëtt. E Spriecher vu Facebook sot, datt et kéint dozou féieren, dass d'Netzwierker deen Ament alles zenséiere kéinten, wat iergendee beleidege kéint.

Hannergrond ass e Fakten-Check op Twitter, bei deem den amerikaneschen President schlecht ofgeschnidden huet.

Weideren Tweet signaliséiert

Wéinst den Debordementer zu Minneapolis huet den Donald Trump mat Konsequenze gedreet. An engem Tweet huet den hie geschriwwen, d'Arméi wier prett fir an den Asaz ze goen. Et géif geschoss ginn wa Geschäfter geplëmmt géife ginn.

Twitter huet den Tweet als "gewaltverherrlechend" signaliséiert. Den Tweet bleift weider zougänglech wéinst dem méiglecherweis groussen ëffentlechen Interessi.