
Den Impfstoff, vun der Englescher Universitéit entwéckelt, soll effektiv d’Produktioun vun Antikierper an T-Zellen, déi de Coronavirus bekämpfen, ausléisen. No 14 Deeg sollen d’Tauxe vun den T-Zellen um Maximum sinn, 24 Deeg dauert et fir d’Antikierper.
Wat d’Nieweneffekter ugeet, soll den Impfstoff relativ sécher sinn a just liicht Nowierkungen hunn. 70 Prozent vun de Fräiwëllege krute liicht Féiwer oder Kappwéi.
D’Resultater si villverspriechend, et ass awer nach ze fréi, fir ze soen, dass den Impfstoff zu 100 Prozent virum Covid-19 schützt. Groussbritannien huet ewell 100 Millioune Eenheeten vum Impfstoff virbestallt.
Den Impfstoff “ChAdOx1 nCoV-19" soll sou séier entwéckelt ginn, wéi keen anere virdrun, sou déi prestigiéis Universitéit vun Oxford.
Geschwë soll den Impfstoff an déi nächst Phas goen. Am beschte Fall géing den Impfstoff awer fréistens Ufanks 2021 komplett fäerdeg sinn.

