Charité zu BerlinVirolog Christian Drosten "net sou ganz besuergt" iwwer d'Virus-Mutatioun

RTL Lëtzebuerg
Fir ze wëssen, ob e Virus sech besser oder méi séier iwwerdréit, misst ee kucken, wéi eng Persoun wien infizéiert huet a wéi laang et gedauert huet.

Et feelen nach Informatiounen iwwer déi nei Variant vum Coronavirus a Groussbritannien. D’Virus-Mutatioun wier awer de brittesche Gesondheetsautoritéiten no däitlech méi ustiechend.

De Virolog Christian Drosten vun der Berliner Charité weist sech „net sou ganz besuergt“, dat sot hien e Méindeg de Moien um Deutschlandfunk. Nach géifen Informatioune feelen.

De brittesche Premier Boris Johnson sot jo, d’Virus-Variant wär 70% méi ustiechend. Déi Zuel wär einfach esou genannt ginn, kommentéiert den Drosten. Op eemol géif esou e Wäert am Raum stoen a kee géif iwwerhaapt wëssen, wat et heescht.

Fir ze wëssen, ob e Virus sech besser oder méi séier iwwerdréit, misst ee kucken, wéi eng Persoun wien infizéiert huet a wéi laang et gedauert huet. Bei allem, wat een iwwert de Virus géif wëssen, géif et ee wonneren, wann esou e Parameter sech därmoosse verännert, sou de bekannte Virolog Christian Drosten.

Hie seet weider, datt ee misst dervun ausgoen, datt de mutéierte Virus schonn an Däitschland ukomm wier. Dat misst een awer net aus der Rou bréngen. D’Mutatioun wär och schonn an Australien, an Holland, Dänemark oder der Belsch nogewise ginn, hätt do awer keng Entwécklung ausgeléist wéi a Groussbritannien.

Et ass “net fir d’éischt a net fir d’lescht”, datt de Virus mutéiert, sou och den Dr. Gérard Schockmel. Den Infektiolog bei den Hopitaux Robert Schuman sot am RTL-Interview, et hätt een “natierlech net ganz gär” wann ee Virus mutéiert a sech mat der Zäit ausbreet, fir déi aner Souchen ze dominéieren. Allerdéngs relativiséiert den Infektiolog: “wat ass 70%, wann en zweemol esou heefeg géing iwwerdroe ginn, da wiere mer bei 200%".

Back to Top
CIM LOGO