"Et si Biller, déi mech schockéiert hunn, an Zeenen, fir déi ee sech schumme soll", sot de Robert Harmsen am RTL-Interview.

Et wieren Zeenen, "déi ee staarken Dysfonctionnement vun der Demokratie erëmspigelen", seet de kanadesche Politikwëssenschaftler Robert Harmsen, Professer op der Uni Lëtzebuerg. Dës Aktioun vu Pro-Trump-Manifestante wär virun allem och e Resultat vun all de Ligen an all de polariséierenden Rieden, déi den Donald Trump déi lescht Joren iwwer gehalen huet.

„Et war een theatralesche Coup, dee vu ville Republikaner am Kongress organiséiert gouf. Fir dem Donald Trump hir Fidelitéit perséinlech ze weisen. Déi grouss Majoritéit vun hinnen huet dat gemaach, well se gemengt hunn, et wier an hirem politeschen Interessi. Si hu virun allem versicht, fir weiderhin de Support vun den Trump-Supporter ze behalen, dee jo essentiell ass, fir hir Muechtpositioun an der Partei ze behalen. Elo mol ofgesi vun der Personalitéit vum Donald Trump, gesi mer do, d'Transformatioun vun op d'mannst enger Partie vun der republikanescher Partei. Wat mer déi lescht Deeg gesinn hunn, ass leider de Profil vun enger nationalistescher, populistescher a souguer Limitt vun enger autoritärer Partei. Vum Typ, déi mer leider och ze gutt aus Europa kennen. Et erënnert mech un Ungarn a Polen hei an Europa. An et ass wierklech eekleg an traureg, fir dat am Häerz vun der amerikanescher Demokratie ze gesinn."

Robert Harmsen Extrait 1

An engem ganz séier realiséierte Sondage vu YouGov huet sech erausgestallt, dass 45 Prozent vun de Republikaner d'Aktioun vun e Mëttwoch den Owend gutt fannen. 43 Prozent hu se net gutt fonnt. Dogéint war ee sech bei den Demokraten eens: 96 Prozent hunn d'Stierme vum Kapitol verurteelt.

Wéi kann den nächste President Joe Biden esou ee gespléckte Land zeréck an eng gewëssen Normalitéit féieren?

„De Biden huet schonn an wäert och nach Discoursen halen, déi versichen, d'Gesellschaft nees beieneen ze bréngen. Hien huet scho gesot, dass hien de President wäert si vun allen Amerikaner, och deenen, déi net fir hie gewielt hunn. Dat ass schonn een Discours, dee manner polariséiert wéi dee vum Donald Trump. Wat elo seng Vergaangenheet ugeet, de Biden war schonn ëmmer ee ganz gewëssenhafte Politiker. Dat ass schonn e positiivt Zeechen. Dat gesot, mengen ech, dass et wichteg ass, dass och d'Republikaner elo een Effort maachen, [fir d'Natioun beieneen ze bréngen.]"

Robert Harmsen Extrait 2

Et bräicht deemno elo eng ganz kloer Ausso vun der republikanescher Partei. Verschiddener hätten dës Aktioun och scho condamnéiert, mä dat eleng géing net duer goen, sou nach de Politolog Robert Harmsen.

Den Dag no der Attack: De Philippe Crowther aus den USA