Den Hannergrond vun enger Wall-Street-Story

© AFP
Kleng privat Investisseuren hu sech iwwert den Onlineforum Reddit koordinéiert, fir Aktië vun e puer US-Firmen ze kafen.
Op déi Manéier goufen Hedgefongen bewosst an d’Bredouille bruecht. D’Aktie vu Gamestop zum Beispill ass explodéiert an Hedgefongen hunn dowéinst Verloschter gemaach. D’Utilisateure vu Reddit schwätzen vun enger Revanche vun de Masse géint déi ominéis 1%. An hiren Ae Räicher, déi via Wall Street de Monopol hunn, fir Geld ze maachen.
Eng komplex Geschicht? De Joël Detaille huet bei eisem Finanzexpert Claude Schettgen nogefrot.
Déi wuel wichtegst Fro ass, wien ass GameStop?
Et ass eng amerikanesch Chaîne, déi Videospiller verdreift. Deene mannste war dat wuel virun dëser Woch iwwerhaapt e Begrëff. Duerch d’Konkurrenz vum Downloaden um Internet ass d’Firma an d'Laberente geroden an do sinn du verschidden Hedgefongen an d’Spill komm.
Scho méi dacks kruten déi op de Marchéen d'Roll vum Béisen zougesprach. Wat ass dës Kéier geschitt?
Hedgefonge si wéi gewosst net villen, respektiv kenge Reegelen ënnerworf an applizéieren am Prinzip och net gängeg Strategien. An dësem Fall hu si den Niddergang vun GameStop gesi kommen an dorop spekuléiert.
Eng Spekulatioun mat batterem Nogeschmaach. Wéi muss ee sech dat konkret virstellen?
Si hu Gamestop-Aktië verkaf, ouni se ze hunn. An dat funktionéiert wéi bei engem Kredit. D'Aktië mussen um Kont sinn, well se nom Verkaf musse kënnen op der Bourse geliwwert ginn. Et geet een se deemno léinen. Domat ass een technesch korrekt, mä et ass een deen Ament och exposéiert wann de Cours, sou wéi et hei geschitt ass, net fält, mä klëmmt."
Massiv ass bei engem Plus vun iwwer 700% an 3 Deeg wuel eng Ënnerdreiwung. Ma wéi kann eng insolvent Firma 700% op der Bourse klammen.
Dofir gëtt et Internetplattformen, wou sou Leit sech Rendez-vous ginn. Dat funktionéiert hei änlech. Hei heescht d’Plattform Wall Street Bets. Su hunn 3,5 Millioune Memberen an déi hu sech ofgeschwat, fir zum selwechte Moment alleguer d’Aktien ze kafen a se esou an d’Luucht ze dreiwen. Dat eleng geet natierlech net duer, fir 700% ze erreechen, mä Hedgefongen hunn op d'mannst etlech prudenziell Reegelen. Wann eng Positioun esou aus den Rudder leeft, musse si iergendwann hir Perte deckelen an droe mat hire Keef a méi grousse Volumme verstäerkt derzou bäi, dass d’Aktie klëmmt. GameStop ass iwwregens net déi eenzeg Aktie, déi dës Woch esou gedriwwen gouf.
Et gouf awer elo och entspriechend Reaktiounen.
Wéi et heescht, wier een Hedgefong faillite an hätt sech 3 Milliarden Dollar bei engem anere Fong geléint, fir ze iwwerliewen. Verschidde Finanzpolitiker hunn nees drop higewisen, dass Hedgefonge méi misste kontrolléiert ginn. En Donneschdeg sinn d'Day Trader sanktionéiert ginn. Den Trading op all de concernéierten Aktien ass vun den Tradingplattforme gestoppt ginn an do wäerten och elo d’Boursenautoritéite klären, ob Irregularitéite virleien. D’Enn vum Lidd ass dann awer wuel, dass d’GameStop-Aktie, wann de Spuk eriwwer ass, nees fält. Et sief dann, d’Firma selwer hat och nach e Bestand un eegenen Aktien a konnt sech 2 Deeg virdrun nach mat engem lukrative Verkaf gudde Cash besuergen.
D’Decisioun vun enger Rei „Brokers“, fir de Kaf vun Aktië vu GameStop op hire Plattformen ze verbidden, suergt fir vill Kritik. Dat wier de Beweis, datt déi, déi grouss milliardeschwéier Hedgefonge géinge protegéieren, géint d’Interessie vun de klengen Investisseuren agéieren.