Broker "Robinhood" huet wéinst US-Reegelen Transaktioune limitéiert

© AFP/File/Olivier DOULIERY
D'Saga vu Gamestop an de klengen Investisseure géint déi grouss Hedgefonge geet weider.
Nodeems eng grouss "Broker-Plattform" mam Numm "Robinhood" d'Transaktioune mat Aktie vun Gamestop limitéiert huet, gouf et ferm Kritik vu Säite vun de klengen Investisseuren.
De CEO vu "Robinhood", de Vlad Tenev, gouf an der Nuecht op en Dënschdeg an engem Online-Gespréich vum Tesla-Chef Elon Musk "gegrillt", sou d'US-Medien. De Vlad Tenev huet sech awer géint d'Virwërf gewiert, hie géing d'Hedgefonge wëlle schützen. Hien huet erkläert, datt hien "Robinhood"-Transaktiounen huet misse limitéieren, fir konform mat US-Reegelen ze sinn, wat d'Liquiditéiten ugeet. An anere Wierder: "Robinhood" war an der Obligatioun, genuch Cash-Reserven ze hunn, fir déi enorm Transaktioune kënnen zum Deel ze decken. Sou gouf "Robinhood" vun der zoustänneger US-Autoritéit opgefuerdert, 3 Milliarden US-Dollar op d'Säit ze leeën. "Robinhood" wier net an de Kulisse vun Hedgefonge gedeckt ginn, fir ze handelen, huet de Vlad Tenev insistéiert.
De leschte Mount hate kleng Investisseure sech via Online-Forum „Reddit" koordinéiert, fir massiv Aktie vun der Firma "Gamestop" ze kafen an eng Rei grouss Hedgefongen, déi op d'Faillite vu "Gamestop" spekuléiert hunn, hunn dowéinst grouss Pertë gemaach. Déi ganz Saga ëm "Gamestop" huet ee gesellschaftlechen Debat iwwert d'Ongläichheeten, respektiv d'Dominanz vu Wall Street iwwert déi kleng Leit lassgeléist.