Mëttlerweil sinn et 10 Länner, déi just nach zum Deel oder guer net méi mam brittesch-schweedeschen Impfstoff vaccinéieren.

Nodeems et Hiweiser op méiglech Niewewierkunge goufen, huet Däitschland e Méindeg annoncéiert, dass bis op Weideres net méi mat AstraZeneca geimpft gëtt. D'Bundesregierung huet dat op Recommandatioun vum Paul-Ehrlich-Institut hi beschloss. An Europa an an Däitschland goufen et e puer rezent Fäll vun Thrombosen, dowéinst wieren Analysen néideg.

D'europäesch Medikamentenagence wäert entscheeden, ob a wéi sech déi nei Erkenntnisser op d'Zouloossung vum Impfstoff auswierke wäerten, huet den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn e Méindeg gesot. Hien hofft nach dës Woch op eng Decisioun vun der Ema. De virleefege Stopp betrëfft déi éischt, wéi och déi zweet Dosissen an Däitschland. Allerdéngs wier et eng reng Virsiichtsmoossnam, sou de Spahn. Stand Sonndeg goufen an Däitschland 1.647.510 Dosisse mat AstraZeneca gesprëtzt.

Lescht Woch hat Däitschland sech nach dogéint entscheet gehat, nodeems Dänemark en Donneschdeg matgedeelt hat, fir eng gewëssen Zäit net méi mat AstraZeneca ze vaccinéieren. Kopenhagen hat op e puer Thrombose-Fäll verwisen. Ëmmer méi Länner sinn nogezunn, ënnert anerem Bulgarien, Irland an Holland.

Kuerz virdrun haten Éisträich, Estland, Lettland, Litauen, Italien a Rumänien a Lëtzebuerg eng Partie Dosisse provisoresch aus dem Verkéier gezunn.

Vum Hiersteller selwer heescht et no enger Analys vun iwwer 10 Millioune Fäll, dass et keng Beweiser fir en erhéichte Risk fir eng Longenembolie oder Thrombose géinge ginn.

A Frankräich goufen d'Impfunge mat AstraZeneca bis e Mëttwoch op Äis geluecht. Hei géing een op en "avis européen" waarden, fir weider Entscheedungen ze huelen.

E Méindeg den Owend huet och de Grand-Duché matgedeelt, dass fir eng gewëssen Zäit net méi mat AstraZeneca geimpft gëtt.

D'Weltgesondheetsorganisatioun recommandéiert awer, datt d'Länner dëse Vaccin den Ament nach solle weider benotzen. Et wéilt een net, datt d'Leit panikéieren. En Dënschdeg beroden d'Experte vun der WHO iwwert dëse Vaccin.