Lëtzebuerg huet genuch aner Impfstoffer en stock, fir d'Rendez-vouse fir 2 Deeg z'assuréieren, och wann den AstraZeneca fir den Ament suspendéiert ass.

Jean-Claude Schmit am RTL-Interview

11 EU-Memberstaaten hunn den Asaz vum Covid-Vaccin vun AstraZeneca gestoppt… dorënner Lëtzebuerg. Dat obwuel d’Welt Gesondheetsorganisatioun, d’europäesch Agence fir Medikamenter an de Produzent vum Vaccin soen e Lien tëscht dem Vaccin an eenzele Fäll vun Thrombosen, Bluttgerinnsel wier net bewisen.

Jean-Claude Schmit iwwer AstraZeneca - Rep. Fanny Kinsch

"Et ass schwéier, de Lëtzebuerger z'erklären, firwat a Frankräich an Däitschland aner Mesure geholl gi sinn", sou de Santésdirekter Jean-Claude Schmit am RTL-Interview. Et wier eng reng Virsiichtsmoossnam, fir déi Leit, déi sech Froe stellen, ze berouegen.

"Et ass warscheinlech iwwerdriwwe Precautioun, d'une certaine façon, well mer awer iwwerzeegt sinn, dass warscheinlech do kee Lien ass."

Déi meescht Experte wieren der Meenung, datt et kee Lien géing ginn, sou de Jean-Claude Schmit. Et géinge vill Ursaache ginn, firwat Leit Thrombose kréien an e Lien tëschent Impfstoff an Thrombose wier op alle Fall bis ewell net bewisen.

"Mir hunn hei zu Lëtzebuerg kee Fall vun Thrombose gemellt krut bei deene Leit, déi geimpft gi sinn. An deem Sënn ass et ganz rassurant, dat eenzegt wat mer vun Nieweneffekter gemellt kruten, dat sinn déi klassesch Nieweneffekter vun den Impfungen, also wéi um Niveau vun der Injektioun, respektiv wat een de Syndrome gripale nennt, mat e bësse Féiwer oder Schüttelfrost oder Gelenker déi wéi dinn oder Muskelen déi wéi dinn."

Bei der Santé rechent een och domat, datt d'Ema bis spéitstens en Donneschdeg kommunizéiert, an datt hir Resultater berouegend wäerte sinn. Lëtzebuerg hätt genuch aner Impfstoffer en stock, fir d'Rendez-vouse fir 2-3 Deeg z'assuréieren, och wann den AstraZeneca fir den Ament suspendéiert ass.

"Wann déi Diskussioun elo méi laang géing daueren, da komme mer an e Verzuch, dat ass ganz kloer. Dat ass och e Grond, firwat verschidde Länner keng Decisioun vu Suspensioun geholl hunn, well se Angscht hunn, dass se ze vill Retard kréien. Nach eng Kéier, fir 2-3 Deeg hu mir kee Probleem, do kënne mer ganz rassurant sinn."

Och d'Rendez-vouse fir d'Leit, déi hir zweet Dosis vun AstraZeneca solle kréien, wieren eréischt an e puer Deeg, sou datt d‘Santé domadder rechent, datt se virdru schonn d'Resultater vun der Ema huet. Wann d'Autorisatioun vun AstraZeneca um europäesche Marché géing zréckgezu ginn, missten déi Leit, déi réischt 1 Dosis kruten, da warscheinlech eng 2. Dosis mat engem anere Vaccin kréien, esou nach de Jean-Claude Schmit.

"Wann d'Ema misst e Retrait maachen, géif se och warscheinlech dee selwechte Moment eng Recommandatioun erausginn, wéi ee mat deene Situatioune misst ëmgoen, mee logescherweis wär dat en einfache Rappell."

Souguer wa sech géing erausstellen, datt et e Lien tëschent AstraZeneca an Thrombose gëtt, wier deen Undeel immens kleng, schreift iwwerdeems de Jean Reuter, Intensivmedeziner am CHL, op der Online-Plattform Twitter. Wa ganz Lëtzebuerg géing mat AstraZeneca geimpft ginn, wier dat eng Zuel am eestellege Beräich vu Persounen, déi eventuell e Problem mat der Bluttgerinsele kéinte kréien. Wéinst Covid wieren dobäi bal 700 Mënschen an engem Joer gestuerwen, sou den Intensivmedeziner, deen d'Leit opfuerdert, d'Rechnung ze maachen.

Tweet Jean Reuter

Et ass en Hin an Hier a suergt fir ganz vill Veronsécherung

Och Lëtzebuerg huet d’Impfe mam Vaccin vun AstraZeneca fir de Moment gestoppt. Dat nodeems ënnert anerem Frankräich an Däitschland den Impfstoff ausgesat hunn. Et wier eng réng Virsiichtsmoossnam, huet d’Santé e Méindeg den Owend geschriwwen. De Produit gëtt net méi gesprëtzt bis weider Analyse vun der Europäescher Medikamentenagence virleien. En Donneschdeg huet d’Ema eng aussergewéinlech Reunioun fir déi neisten Donnéeën ze bewäerten.

AstraZeneca de Moment net ze benotzen ass wéi gesot eng Virsiichtsmoossnam, nodeems aus verschiddene Länner Fäll vun Thrombosen, déi no der Impfung opgetruede sinn, gemellt goufen. Et soll eng éischter speziell, seele Form vu Bluttgerinnsel am Gehier sinn. Virun deem Hannergrond huet an Däitschland d’Paul-Ehrlich-Institut d’Ausetze vun der Impfung a weider Analysen recommandéiert.

Aner Länner wéi d’Belsch oder Éisträich fuere bewosst weider mam Impfen. D’Leit, och natierlech hei zu Lëtzebuerg, sinn enorm veronséchert, well d’Informatiounen quasi all Dag änneren. Méiglech Niewewierkunge sollen natierlech ënnersicht ginn. Net aus den Ae loossen däerf een awer och d’Komplikatiounen, déi bei enger Covid-Erkrankung entstinn, warnen Experten. Do gëtt et e groussen Thrombosen-Risiko. Deen ass och héich bei der Antibabypëll, speziell wann ee fëmmt – de Moment läit d’Opmierksamkeet – op zu Recht oder net – awer ganz um AstraZeneca-Vaccin.

D'Santé weist anengems drop hin, datt d'Ema e Méindeg nach emol an engem Pressecommuniqué betount huet, datt si der Meenung ass, datt d'Virdeeler vum Vaccin vun der brittesch-schwedescher Entreprise nach ëmmer méi grouss si wéi de Risiko vu méiglechen Niewewierkungen.

Den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, hat nach e Freideg den Owend op der Tëlee ënnerstrach, datt et den Ament kee Grond géif ginn, fir net méi mat AstraZeneca ze impfen.

Schreiwes

Suspension temporaire de la vaccination avec le vaccin COVID-19 AstraZeneca (15.03.2021)

Communiqué par: ministère d'État / ministère de la Santé

Suite à la décision de plusieurs États-membres de l'Union européenne, dont la France et l'Allemagne, de suspendre temporairement la vaccination avec le vaccin COVID-19 AstraZeneca, le Luxembourg a décidé de s'aligner à cette décision.
Il s'agit d'une mesure de précaution, dans l'attente du résultat des analyses de l'Agence européenne des médicaments (EMA), portant sur un certain nombre de problèmes sanguins survenus chez des personnes vaccinées avec le vaccin AstraZeneca.

Les vaccinations avec le vaccin COVID-19 d'AstraZeneca seront suspendues au Luxembourg jusqu'à ce que l'évaluation du comité de sécurité de l'EMA (PRAC) soit terminée. La décision d'aujourd'hui concerne à la fois les vaccinations initiales et les vaccinations de suivi. L'évaluation de l'EMA est attendue au courant de cette semaine.

À noter que dans un communiqué de presse publié par l'EMA aujourd'hui, celle-ci reste d'avis que les avantages du vaccin d'AstraZeneca dans la prévention du COVID-19, l'emportent sur les risques d'effets secondaires.
Lien vers le communiqué de presse de l'EMA: EMA's safety committee continues investigation of COVID-19 Vaccine AstraZeneca and thromboembolic events – further update | European Medicines Agency (europa.eu).