Trotz 11 méigleche Prozent, déi d'Alternativ fir Däitschland kéint kréien, hunn déi aner Parteien eng Koalitioun mat hinnen ausgeschloss.

De Sondagen no wiere rechneresch vill verschidde Koalitiounen no der Bundestagswal méiglech. Mat enger Partei awer wëll kee sech zesummendoen, dat trotz virausgesoten 11% vun de Stëmmen: D'AfD - Alternative für Deutschland. Déi rietspopulistesch Partei, déi et 4 Joer no hirer Grënnung eng éischte Kéier an de Bundestag gepackt huet.

Aus der Flüchtlingskris 2015 konnt d'AfD Kapital schloen. Bei de Bundestagswalen 2017 ass si mat 12,6 Prozent vun de Stëmmen an dat däitscht Parlament agezunn. Als drëttstäerkste Partei géif een elo déi nei Regierung joen. Et géif een d’Madamm Merkel joen a sech d’Land zréckerueweren, huet den AfD-Spëtzekandidat deemools um Wal-Owend ugekënnegt.

Et waren déi Liberal vun der FDP, déi 2020 zu Thüringen fir e politescht Äerdbiewe gesuergt haten, wéi den Thomas Kemmerich sech mat de Stëmme vun der rietsextremer AfD zum Ministerpresident wiele gelooss hat. Ënnert dem grousse politeschen Drock, war et den Dag drop de Réckzuch.

D'AfD niéiert dee vum Mënsch gemaache Klimawandel, ass fir en EU-Austrëtt a géint eng Rei Coronamesuren. Der Partei hir Walkampfthemen ëm Spëtzekandidate Chrupalla a Weidel bauen op Grenz, Heimatschutz an de Sécherheetsstaat op. Eng Regierungsbedeelegung ass elo schonn ausgeschloss.

Aktuelle Sondagen no kréich d'AfD e Sonndeg 11% vun de Stëmmen an ass domadder um selwechten Niveau wéi d'FDP.