
Aus Protest géint d’Restriktiounen hunn d’Camionneuren zu Den Haag den Zentrum mat honnerte Gefierer blockéiert, dorënner och den Accès fir d’hollännescht Parlament. Ënnert dem Motto “Fräiheetskonvoi Holland” hu si nom Virbild vun de kanadeschen “Trucker” demonstréiert an d’Regierung opgefuerdert, alleguerten d’Mesuren opzehiewen. Eng Partie Manifestanten hunn annoncéiert, weider wëllen op Bréissel a Paräis ze fueren, fir sech do de Protester unzeschléissen.

Déi franséisch Police huet e Samschdeg misse mat Tréinegas géint d’Manifestante vum verbuedene Protestkonvoi virgoen. A Frankräich waren déi lescht Deeg dausende vu Leit mat hiren Autoen, Camper a Camionen an der Géigend vu Paräis ënnerwee, fir hirer Roserei iwwert d’Corona-Impfung, d’Präisdeierecht an d’Regierung Loft ze maachen. Eng 3.000 Gefierer a 5.000 Demonstrante goufen e Samschdeg de Moie ronderëm déi franséisch Haaptstad gezielt. 337 Plaintë goufen et wéinst “Participatioun un enger net autoriséierter Demo”.

A Kanada huet d’Police e Samschdeg de Mëtteg ugefaangen, d’Ambassador-Bréck un der Grenz zu den USA ze raumen. U sech sollt d’Bréck schonn e Freideg den Owend 19 Auer Lokalzäit nees fräi sinn, awer dorun hate sech d’Manifestanten net gehalen. Dës gouf jo vu Camionschauffere blockéiert, wat e groussen Impakt op de Grenzverkéier hat. Pendler goufe gebieden, dëst Gebitt z’evitéieren. All Dag fueren hei ronn 40.000 Frontalieren an Touristen driwwer. Weider Grenziwwergäng an de Provënzen Alberta a Manitoba goufe vun de Corona-Géigner blockéiert.

Ugefaangen haten d’Fräiheetskonvoie Mëtt Januar a Kanada an den USA. Ongeimpft kanadesch Camionneure musse bei hirem Retour aus den USA jo fir 14 Deeg a Quarantän. US-Camionschaufferen, déi net vaccinéiert sinn, dierfe guer net areesen.