Grond fir dës Decisioun wier den héchsten Inflatiounstaux zënter Joerzéngten. No enger 2-Stonne-laanger Sëtzung gouf decidéiert, den Taux ze hiewen.

D'Fed hat de Leetzëns am Mäerz 2020 wéinst der hefteger Auswierkung vun der Corona-Pandemie op d'Ekonomie op tëscht 0 an 0,25% erofgesat. Mam hiewe vum Zënssaz wéilt ee probéieren der däitlecher Inflatiouns entgéintzewierken.

An den USA ass am Februar d'Inflatioun ëm bal 8% geklommen, also sou héich wéi zënter 40 Joer net méi. De Krich an der Ukrain géif d'Präisdeierecht weider ukuerbelen.
D'Prognos vun der Inflatioun fixéiert d'Fed elo op 4,2%, virdru louch een nach bei 2,6%. D'Croissance vun der Ekonomie dogéint fält vu 4% op 2,5%.