Den 28. Juli ass de sougenannten "Overshoot Day". Kee Joresdag, iwwert deen ee sech freeë kéint.

Mir liewe vun elo un – weltwäit  gekuckt – fir dëst Joer iwwer eis Verhältnisser, huelen eis méi vun der Natur, wéi déi produzéiere kann. Dat ass schlecht fir d'Ëmwelt an och fir déi kommend Generatiounen. Der Organisatioun Global Footprint Network no bréicht d'Weltbevëlkerung am Hibléck op de Ressourcëverbrauch eigentlech 1,75 Äerden. Mir Lëtzebuerger verbrauchen all Joer iwwregens 8 Planéiten.

Overshoot Day den 28. Juli 2022 / Reportage Claude Zeimetz

"An de bis zum Joresenn verbleiwenden 156 Deeg wäert eise Verbrauch vun erneierbare Ressourcen dora bestoen, um Natur-Kapital vum Planéit ze knabberen", sou d'Laetitia Mailhes vu Global Footrpint Network. Besonnesch héich ass den ökologesche Foussofdrock vun Industriestaaten. Lëtzebuerg ass extra schlecht am Verbrauch an hat schonn op Vältesdag, de 14. Februar, all seng natierlech Ressourcë verbraucht. Virun eis läit just nach Katar.

RTL

Rekordhëtzt vu méi wéi 40 Grad ëm d'Mëttelmier, Bëschbränn an Däitschland, Frankräich, Tschechien oder ënnert anerem nach dem Marokko an e Juli, dee beispillsweis an England dëst Joer esou dréche war wéi zanter méi wéi 110 Joer net méi. Wann et nach dee leschte Beweis gebraucht hätt, huet de Reassureur Munich Re an deem Hibléck matgedeelt, datt Naturkatastrophen an den éischte sechs Méint vun dësem Joer e Schued vu 65 Milliarden Dollar hannerlooss hunn. Dat si wuel 40 Milliarde manner wéi zejoert, mä et gouf dofir awer opfälleg Wiederextremer, sou d'Entreprise zu München.

Um Enn wieren dat staark Indicen, datt de Klimawiessel net nëmmen e wëssenschaftlecht Thema ass, mä d'Leit en och am Alldag spieren. Besonnesch Australien war dëst Joer uerg getraff. Do hunn d'Iwwerschwemmunge fir e Schued vu 6,6 Milliarden Dollar gesuergt.

D'Ëmweltorganisatioun WWF nennt d'Tatsaach, datt de sougenannten Overshoot Day ëmmer éischter ass, eng "ökologesch Bankrotterklärung". Zanter 20 Joer erreeche mer den "Äerd-Iwwerlaaschtungsdag" méi fréi am Joer. 2000 war et nach den 23. September, deemno bal zwee Méint méi spéit. Just d'Corona-Pandemie huet mat hire limitéierte Wirtschaftsaktivitéiten an de Lockdown-Mesuren de symbolträchtegen Datum virun zwee Joer op den 22. August no hanne verréckelt. Dëst Joer stinn der Äerd also vun elo u keng erneierbar Ressourcë méi zur Dispositioun.

Déi international Fuerschungsorganisatioun "Global Footprint Network" rechent all Joer an och Land fir Land wéini de sougenannten Overshoot Day arreecht ass.

Interview mam Romain Poulles, President vum Nohaltegkeetsrot

Besonnesch héich ass den ökologesche Foussofdrock an den Industriestaaten, well se iwwer hir Verhältnesser liewen. Ma och manner entwéckelt Länner kéinten an den nächste Jore méi Ressource verbrauchen, esou de President vum Nohaltegkeetsrot.

Romain Poulles: "Déi Länner striewen no engem verbesserte Wuelstand, dat heescht iwwer déi nächst Joerzéngte wäerte mer warscheinlech gesinn, datt den Overshoot Day nach weider no vir réckelt. Mir mussen also kucken, datt mer deene Länner, déi e gewëssene Wuelstand och ze gutt hunn, datt mer deenen dat zouloussen a gläichzäiteg deene Länner wéi Lëtzebuerg a vill aner entwéckelte Länner, datt hiren ökologesche Foussofdrock erëm erofgeet."

Den Overshoot Day ass vu Joer zu Joer ëmmer éischter an d'Konsequenzen dierft een net ënnerschätzen.

Romain Poulles: "Mir liewen op de Reserven an déi Reserve gi järlech reduzéiert. An iergendwann eng Kéier hu mer keng méi, respektiv ass et net méi méiglech, datt eisen Ekosystem déi ganz Pollutioun, dee ganzen Offall, virop den CO2, well den CO2 ass een Offallproduit vun eisem System, an datt Natur ebe mat deem Offall absolut net méi eens gëtt an de System zesummebrécht."

Dem Nohaltegkeetsrot no wier et awer méiglech dogéint ze steieren. D’Bierger kënne selwer mathëllefen.

Romain Poulles: "Et muss ee wierklech ënnerscheeden, datt de Bierger selwer eng Rei Hiewelen huet, un deenen ee kann zéien. Dat ass d’Wunnen, d’Mobilitéit, d’Ernierung, esou wéi ech akafen… Dat sinn eigentlech déi grouss Hiewelen, wou de Bierger direkt kann als Konsument agéieren".

Mee och um nationalen Niveau misst sech eppes änneren.

Dem Groupe ronderëm de Romain Poulles no misst d’Regierung konkret Guidelines ausschaffen, fir de Foussofdrock  ze reduzéieren. Seng konkret Recommandatiounen wëll den Nohaltegkeetsrot am Hierscht presentéieren.