Den Donneschdeg huet zu Bréissel mat enger gudder Nouvelle vun New York ugefaangen.

Do huet op der UNO-Vollversammlung eng historesch grouss Majoritéit u Staaten déi russesch Annexioun vun Deeler vun der Ost-Ukrain verurteelt. "Dee Vott an der UNO ass eng kloer Verurteelung vun der illegaler Annexioun vun den ukraineschen Territoiren an e kloren Appell u Russland, un de President Putin, dës Decisiounen zeréckzezéien", sou d'Reaktioun vum NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg.

Den amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin huet deem zougestëmmt:

"Do si mir ons absolut eens. Ech sinn och mat der Tatsaach averstanen, datt mir mat eisen Efforte fir d'Ukrain z’ënnerstëtzen sou laang weiderfueren, wéi et eben néideg ass."

De 24. Februar wollt de Putin d'Ukrain iwwerrennen. D'NATO destabiliséieren. D’Ukrainer resistéieren. Déi 30 NATO Staaten réckele méi no beieneen. D'NATO wiisst souguer.

"Finnland a Schweden waren haut derbäi. Wat och e flott Zeeche war. Mir hoffen natierlech all dat déi nächst Méint de Ratifizéierungsprozess komplett ofgeschloss gëtt. Dat déi zwee Länner definitiv voll Member ginn vun der NATO", esou de Lëtzebuergesche Verdeedegungsminister François Bausch.

Europa rëscht op, fir sech ze verdeedegen. En Donneschdeg hu sech 15 Staaten zesummegedoen, fir den europäescht Loftofwiersystem ze stäerken. Och Lëtzebuerg wäert säin Effort de Défence weider eropsetzen. Op 1% vum PIB, Horizont 2028. De Projet Phare, wat d'Zukunft ubelaangt, gouf en Donneschdeg de Moien zu Bréissel op d'Schinne gesat. E binationale Reconnaissance-Batailloun zesumme mat der Belsch, deen tëscht 2028 an 30 operationell soll ginn.

De François Bausch mat éischten Detailer:

"Den Haaptsëtz soll bei Arel kommen. Dee Batailloun wäert ongeféier 700 Zaldoten hunn. Dovu wäert Lëtzebuerg d'Hallschent musse stellen. En Deel dovun, dat sinn der ongeféier 150, déi wäerten dann och zu Arel sinn. Déi aner 150 wäerten zu Dikrech bleiwen. An dann musse mer och nach op Lëtzebuerger Säit kucken, a Punkto Logistik, e Site ze sichen. Dosi mer am Gaang ze kucken, wou dat genau ka sinn. Et soll natierlech awer méiglechst no bei der Grenz sinn."

Wat de Krich an der Ukrain ubelaangt, huet Lëtzebuerg - wéi déi 29 aner Staaten - Kiew weider Ënnerstëtzung zougesot. Zanter dem Ufank vum Krich huet onst Land Material a Waffen am Wäert vun 72 Milliounen, 16% vum Verdeedegungsbudget, un d'Ukrain geliwwert.

Fir Gespréich suergt den Ament e grousse Manöver, deen d'nächst Woch am Himmel iwwert der Belsch ofgehale gëtt. 50 Fliger wäerten nuklear Ofschreckung trainéieren.

"Op russescher Säit wäert et och Exercicer ginn. D'Manöver wäert och vu russescher Säit aus staark kommentéiert ginn. Aus der Optik vun enger Menace. Ma dat ass vun eiser Säit net den Objektiv. Mir trainéieren. Mir preparéieren ons. Dat ass normal", sou déi belsch Verdeedegungsministesch Ludivine Dedonder.

Konkreet: Nato Fliger wäerten den Asaz vun amerikaneschen Atombommen, déi an Europa gelagert ginn, trainéieren. Laang am Viraus geplangt, sou d'Allianz. An awer.

RTL

Offiziellt Schreiwes

François Bausch à la réunion des ministres de la Défense de l'OTAN à Bruxelles (13.10.2022)
Communiqué par : Direction de la défense

Le 13 octobre 2022, le Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, François Bausch, a participé à la réunion des ministres de la Défense de l'OTAN, qui s'est tenue à Bruxelles.

Lors de la première réunion du groupe de planification nucléaire de l'OTAN (NATO Nuclear Planning Group), prévue de longue date, les ministres de la Défense se sont concertés sur les moyens de dissuasion de l'Alliance. Ces discussions ont récemment pris une importance particulière en raison des menaces articulées par la Russie.

La deuxième réunion portait sur la posture de dissuasion et de défense de l'OTAN, notamment au vu des récents développements de la guerre d'agression russe en Ukraine. Le ministre de la Défense, François Bausch, a réaffirmé le soutien du Luxembourg à l'Ukraine et l'importance de recalibrer la posture de dissuasion et de défense face à la posture agressive de la Russie. Le ministre a notamment souligné que l'OTAN devrait apporter une réponse proportionnelle aux menaces, tout en évitant des excès et en se focalisant sur des objectifs précis à atteindre au niveau des capacités communes de l'Alliance.

Concernant les budgets de défense des Alliés, François Bausch a expliqué que le Luxembourg va substantiellement renforcer son effort, en doublant l'effort de défense d'ici 2028. La Défense luxembourgeoise va investir dans des capacités de pointe au profit de l'Alliance, surtout dans les domaines espace, cyberespace, technologies émergentes et risques liés au changement climatique. François Bausch a évoqué la question de l'objectif de dépenses de 2%: «Je me défends contre l'obsession des 2%. Il nous faut d'abord fixer des objectifs à atteindre au niveau capacitaire, répartir comme nous le faisons déjà maintenant ces efforts parmi les alliés et ensuite définir le niveau financier nécessaire au niveau national pour accomplir ces objectifs. Les 2% ne sont pas une fin en soi et ne sont pas adaptés à la situation particulière de mon pays.»

La dernière réunion des ministres de la Défense de l'OTAN, à laquelle assistait également le haut représentant de l'UE pour les affaires étrangères et la politique de sécurité, Josep Borrell, portait sur les missions et opérations de l'OTAN et de l'UE ainsi que sur l'interaction UE-OTAN en matière de défense. Lors son intervention, François Bausch a insisté qu'un échange régulier et étroit entre l'UE et l'OTAN est indispensable pour la sécurité collective et qu'il faut continuer les efforts de prévention et de gestion de crise.

En ce qui concerne la mission KFOR au Kosovo, le ministre de la Défense a souligné l'importance de cette mission et il a confirmé que le Luxembourg poursuivra sa contribution financière à l'hôpital rôle 2 pour la KFOR, une capacité critique dans le contexte du soutien médical de la mission. En Irak, le Luxembourg continuera à soutenir la mission NMI (NATO Mission Iraq) en fournissant des équipements de communication satellitaire et du personnel. Finalement, en ce qui concerne une future mission d'assistance militaire en Ukraine (EUMAM Ukraine), François Bausch a déclaré: «Le Luxembourg poursuit son soutien létal et non létal pour aider l'Ukraine dans sa lutte contre l'invasion russe et nous soutenons globalement l'idée d'une mission EUMAM en Ukraine.»