Situatioun ronderëm Energieversuergung spëtzt sech zou

Nodeems Russland cibléiert Energie-Infrastruktur an der Ukrain zerstéiert huet, muss d'Stroumconsommatioun elo zolidd limitéiert ginn.
Dat heescht den Dag iwwer tëscht 7 Auer moies an 11 Auer owes, soll méiglechst wéineg Stroum consomméiert ginn, esou den ukrainesche President Selenskyj an engem Videomessage. Nëmmen esou kéint d'Zäit, an där de Stroum komplett muss ofgeschalt ginn, méiglechst kuerz gehale ginn.
Grond dofir wiere russesch Attacken op déi kritesch Infrastruktur an der Ukrain, esou de Selenskyj. Doduerch wiere grouss Schied entstanen. Et géif een zwar alles maachen, fir dës esou séier wéi méiglech ze behiewen, ma dat kéint daueren.
Bannent enger Woch elo wiere ganzer 30 Prozent vun den ukraineschen Elektrizitéitswierker zerstéiert ginn, esou nach de President.
Och e Mëttwoch sollen et russesch Attacke mat Rakéiten an Dronen op kritesch Infrastruktur an der Ukrain ginn hunn. Dem ukrainesche Verdeedegungsministère no wiere 6 Missilen op d'Ukrain geschoss ginn, 4 dovun hätt d'Loftofwier awer kënnen zerstéieren.
Russland weist d'Reprochen, d'Ukrain mat Dronen attackéiert ze hunn, allerdéngs vu sech. Dëst wiere just Verschwierungstheorien ouni reell Basis.
Nodeems Russland d'Krichsrecht an den illegal annektéierte Regiounen an der Ukrain ausgeruff huet, wieren dann och scho méi wéi 7.000 Zivilisten a Géigenden evakuéiert ginn, déi aktuell ganz vu Russland kontrolléiert ginn, heescht et um Donneschdeg aus der Ukrain. D'Ukrainer an där Regioun fäerten allerdéngs, dass dës Evakuatioun e Pretext ass, fir d'Leit permanent ëmzesidelen.
Allgemeng gesäit d'Krichsrecht eng Rei Mesurë vir an d'Verwalter vun den eenzele Regioune kënnen dann zesumme mat der Arméi decidéieren, wéi eng dovu si wëllen ëmsetzen. Dozou gehéieren ënnert anerem d'Confisquéiere vu Saachen an Areesrestriktiounen. Ausserdeem kënnen d'Leit gezwonge ginn, fir déi russesch Säit ze kämpfen a Fabricke kënne forcéiert ginn, Wuere fir d'Arméi ze produzéieren.