EU-Conseil zu Bréissel
Den Ukrainkrich dominéiert op der Agenda

Den ukraineschen Ausseminister Kuleba wäert via Video zougeschalt sinn. Eng Ausbildungsmissioun fir d’ukrainesch Arméi soll um Méindeg decidéiert ginn.
Am Virfeld dovun ass d’Jores-Reunioun vum Minister-Comité vun der Benelux-Unioun, wou de Jean Asselborn déi Lëtzebuerger Présidence cloturéiert, an e Bilan wäert zéien. D’Prioritéite vun der Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg, der Belsch an Holland sollen dann och fir d’nächst Joer fixéiert ginn.
Am meeschte gelies