Dat huet d‘Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am Kader vun hirer Ried iwwer d‘Lag vun der Unioun am Europaparlament zu Stroossbuerg annoncéiert.

De Weltmarché wär den Ament vu bëllegen Elektroautoen aus China iwwerschwemmt, esou d‘Ursula von der Leyen. "D‘Präisser sinn duerch staatlech Subventiounen kënschtlech niddreg. Dat schued eisem Marché. Mir loossen net zou, dass eise Marché vu bannen verzerrt gëtt an och net vu baussen. Dofir annoncéieren ech haut, dass d‘Kommissioun eng Anti-Subsiden-Investigatioun lancéiert géint Elektroautoen aus China."

Méi spéit am Joer um EU-China-Sommet géif si sech dru ginn, mat der chineesescher Regierung eng Léisung ze fannen.

Der EU-Kommissiounspresidentin hir Ried huet eppes iwwer eng Stonn gedauert. Si huet betount, den Zesummenhalt tëscht de 27 Memberstaaten wär esou gutt ewéi scho laang net méi. Zesummen hätt een d‘Corona-Pandemie an d‘Energie- a Finanzkris an de Grëff kritt. D‘Lutte géint de Klimawandel, d‘Digitaliséierung an hir Geforen, grad ewéi d‘Suitte vum Ukrainkrich, kéint een am beschten zesumme meeschteren.

Beim Ëmweltschutz géifen och d‘Industrie an d‘Landwirtschaft eng grouss Roll spillen. Béid Secteure solle besser bei der grénger Transitioun ënnerstëtzt ginn. D‘Ursula von der Leyen nach eng Kéier.:

"Mir mussen déi nei Erausfuerderungen an der Landwirtschaft zesumme mat de Bauere meeschteren. Nëmmen esou kënne mir d‘Liewensmëttelsécherheet och an Zukunft garantéieren. Mir brauche méi Dialog a manner Polariséierung. Aus deem Grond wëlle mir e strategeschen Dialog fir d‘Orientéierung vun der Landwirtschaft an der EU starten. Ech sinn, an ech bleiwen dovun iwwerzeegt, dass Landwirtschaft an Naturschutz zesumme fonctionéiere kënnen."

Eng aner Prioritéit an der Kommissiounspresidentin hirer Ried war den Ëmgank mat der kënschtlecher Intelligenz.

D‘Kommissioun wëll Richtlinne festleeën, wéi an der Europäescher Unioun mat kënschtlecher Intelligenz ëmgaange soll ginn. D‘Kommissioun hofft, dass déi grouss Firmen d‘KI scho sécher an ethesch korrekt benotzen, ier de Guide vun der EU fäerdeg ass.

D‘Ursula von der Leyen huet sech fir eng Vergréisserung vun der EU ausgeschwat. D‘Zukunft vu Moldawien an der Ukrain léich an der Europäescher Unioun.