Bal 3 Millioune Kanner an Haiti brauchen humanitär Hëllef
SOS Village d'Enfants Monde - Sophie Glesener
D'Onrouen hunn net nogelooss a Milliounen u Kanner sinn an engem Zyklus vu Gewalt an Hongersnout gefaangen. D'SOS-Kannerdierfer kämpfen do dogéint.
D'Lag an Haiti huet sech net berouegt. Am Géigendeel: d'Zuel vun den Doudegen ass weider um Klammen, d'medezinesch Versuergung kënnt dem Besoin net no a ronn 5 Millioune Mënsche sti kuerz virdrun, an d'Hongersnout ze falen. Offiziellen Zuelen no si méi wei 360.000 Mënschen op der Flucht a méi wéi 90 % dovunner wéinst de Kämpf tëschent den haitianeschen Autoritéiten an den arméierte Banden. Dorënner och eng grouss Zuel u Kanner.
Awunner vu Port-au-Prince op der Flucht / © AFP
Organisatioune wéi SOS Villages d'Enfants Monde sinn alarméiert iwwert d'Ëmstänn, an deene sech Dausende vu Kanner a Jugendlecher elo rëmfannen. Am RTL-Interview beschreift d'Directrice vun SOS Villages d'Enfants Monde vu Lëtzebuerg, d'Sophie Glesener, d'Realitéit um Terrain an d'Aarbecht, déi d'SOS-Kannerdierfer an Haiti maachen.
Eng Katastroph no der anerer
"Säit der Demissioun vum Premierminister Ariel Henry ass d'Puissance vun de kriminelle Gruppen ëmmer méi staark ginn, an déi terroriséieren elo d'Land. [...] Déi Bande si responsabel fir Morden a fir Vergewaltegungen", seet d'Sophie Glesener. Weider Grënn fir déi momentan Situatioun am Inselstaat wieren eng Rei vu Korruptiounsfäll, déi et de kriminelle Banden erlaabt sollen hunn, sech iwwert Joren opzebauen an hiren Afloss ze stäerken. Déi haitianesch Bevëlkerung hätt och ouni de Bandenterror scho genuch gelidden am leschte Joerzéngt.
Am Januar 2010 koum et an Haiti zu engem schwéieren Äerdbiewen, bei deem dem deemolege Premierminister Bellerive no ongeféier 310.000 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. D'Sophie Glesener erënnert sech: "Ech war selwer am Oktober 2010 do, no deem schlëmmen Äerdbiewen. Dat war dramatesch. Dat huet mech perséinlech och ganz staark markéiert, nach haut. Déi Situatioun, déi dramatesch war fir vill Familljen a besonnesch Kanner."




Den haitianeschen Deel vun der Insel Hispaniola hat och net déi néideg Zäit kritt, fir sech vun de Suitte vum Biewen ze erhuelen. 2016 nämlech ass d'Land vum Hurrikan Matthew an 2017 vum Hurrikan Irma getraff ginn. Beim Hurrikan Irma, engem vun deene stäerksten Hurrikanen, dee jeemools gemooss ginn ass, goufe ganz Dierfer a Stied zerstéiert an Dausende vun Haitianer haten duerch déi Naturkatastroph hiert Doheem verluer.
Zerstéierunge vum Hurrikan Matthew zu Jeremie an Haiti, 2016 / © AFP
Dann 2021, ee Mount nom Mord um haitianesche President Jovenel Moïse, huet den Inselstaat nach eemol wéinst engem schwéieren Äerdbiewe musse leiden, bei deem op d'mannst 2.200 Leit gestuerwe sinn. Katastroph no Katastroph ass d'Land ëmmer méi an de Misär gefall.
Millioune Mënsche sti kuerz virum Verhongeren
Zwee Joer nom Doud vum President an dem Ausbrieche vun den Onroue kéint et lo och nach zu wäitverbreeten Hongersnéit kommen. "Datt de Coût de la vie elo esou deier ginn ass, dat ass natierlech ee rise Problem fir ee vun den äermste Länner vun der Welt. Datt elo Dausende vu Famillje vun akuter Hongersnout betraff sinn, nach dozou zu der grousser Onsécherheet."
Der Hëllefsorganisatioun "World Food Programme" no leiden ongeféier 1,3 Millioune Mënschen an Haiti un Honger a weider 4,5 Milliounen hu momentan net genuch ze iessen. Dat mécht bal 40% vun der Bevëlkerung aus.
Kanner opfänken an hinnen Hoffnung ginn
SOS Villages d'Enfants Monde ass schonn zanter 46 Joer an Haiti aktiv. D'Organisatioun ënnerstëtzt verschidde Communautéite bei der Stäerkung vu Familljen, souwéi dem Opbau vu Kannerdierfer. Déi SOS-Dierfer déngen dozou, de Kanner an aarme Communautéiten eng Plaz ze offréieren, wou si sech sécher an opgehuewe fille kënnen. Vill vun de betreite Kanner hunn hir Eltere verluer a sou fanne si een neit Doheem am Kannerduerf. No de schlëmmen Naturkatastrophen hat d'Sophie Glesener selwer gesinn, wéi 200 Weesekanner am Kannerduerf zu Port-au-Prince, der Haaptstad, opgeholl a versuergt gi sinn.
Déi privat Associatioun baut nieft Kannerdierfer och Schoulen a Spillplazen. De Kanner gëtt mat deenen neie Schoulen eng Bildung a sécherem Ëmfeld garantéiert. Och hëlleft SOS Villages d'Enfants Monde bei der Restauratioun an der Rehabilitatioun vun zerstéierte Schoulen. Sou konnten zum Beispill ëm déi 7.000 Schüler an der Haaptstad, no den Zerstéierungen duerch ee staarkt Äerdbiewen, kuerz Zäit drop nees an d'Schoul goen.




D'Situatioun an Haiti bréngt och eng Rei vu Problemer mat sech, déi méi schwéier ze léise sinn. Déi kriminell Bande rekrutéiere vill vun de Jonke mat Versprieche vu Suen, souwéi dem Accès op Iessen a Medikamenter. Wann déi Kanner awer spéiderhin déi Bande verloosse wëllen, da fäerte si em hiert Liewen. Vill goufe scho vu Bandmemberen ëmbruecht, als Strof fir d'Abandonéiere vum Grupp. "Dowéinst ass et och wichteg, datt mir weiderhi ganz vill Fonge kréien, fir datt mir de Familljen ee mënschewierdegt Liewe kënne ginn. Soudass mir d'Famillje kënnen encadréieren, besonnesch hir Kanner, datt eben de Risiko méi kleng gëtt, vun de Bande rekrutéiert ze ginn."
Et gëllt, déi materiell Ëmstänn wéi och déi psychologesch Wonnen ze flécken
D'Direktesch erzielt vun der Aarbecht, déi hir Organisatioun um Terrain mécht: "Mir bezuelen oft d'Schoulmaterial a méi, fir en Abandon scolaire ze evitéieren. Mir kucken och, fir déi medezinesch Besoine vun de Familljen ze erfëllen. Well déi hu jo oft keen Accès fir an eng Klinik ze goen, oder Medikamenter ze kréien. An da kucke mer och, fir esou Aktivitéiten a Formatiounen ze maachen, fir datt een deene Familljen erméiglecht independant ze ginn a si sou dann och selwer fir hir Kanner suerge kënnen."
E groussen Deel vun der Aarbecht ass et och, de Kanner psychologesch Hëllef ze offréieren. "Virun allem schaffe mir ganz vill um Trauma vun de Kanner, well déi hu souvill misse materliewen an hirem jonken Alter. Déi musse mir och laang Joren nach méi psychologesch betreien, fir dass si dat wat si erlieft hunn, kënnen e bësse verschaffen."
SOS Villages d'Enfants Monde ass eng privat Associatioun, déi weltwäit Projete finanziell ënnerstëtzt, fir d'Mënscherechter ze stäerken. D'Organisatioun spillt eng wichteg Roll a Lëtzebuerg, souwéi och a 15 weidere Länner, am Beräich vum Kannerschutz. Si feiert den 10. Oktober 50 Joer hei zu Lëtzebuerg.