Obschonn d'Sich nom Bouf, deen an Niedersachsen verschwonnen ass, no enger Woch gestoppt gi war, gouf elo no engem neien Hiweis de Floss "Oste" ofgesicht.

Schwéierpunkt vun der Aktioun en Dënschdeg hätt bei der "Schwiewefär" zu Osten-Hemmoor geleeën, déi ronn 30 Kilometer vum Heemechtsduerf vum Bouf Bremervörde ewech ass. Dat hu Beamten e Mëttwoch zu Rotenburg an der Wümmer erkläert. Bei der Sich wier och e Police-Helikopter am Asaz gewiescht, deen dee ganze Floss ofgesicht hätt.

Ausléiser fir déi nei Aktioun wier de Beamten no en Hiweis vun enger Fra aus dem Süde vun Däitschland gewiescht. Op Biller vun enger Webcam un der Fär hätt d'Fra e Géigestand bemierkt, deen am Waasser gedriwwen ass. Doropshin hätt si d'Police doriwwer informéiert.

Ma och dës Sich-Aktioun hat keen Erfolleg. De Floss "Oste" fléisst duerch Bremervörde a leeft an d'Elbe, déi eng 50 Kilometer ewech ass. Eng Erklärung dofir, datt de Bouf ouni eng Spuer verschwonnen ass, kéint sinn, datt hien an de Floss gefall ass.

Den autistesche Jong hat den 22. Abrëll owes säin Elterenhaus zu Elm verlooss a gëllt zanterhier als vermësst. Eng Woch laang war d'Ëmgéigend vu Bremervörde mat iwwer 800 Leit den Dag duerchsicht ginn.