Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser wëll d'Grenzkontrollen temporär op all däitsch Landesgrenzen ausbreeden.

De 16. September geet et lass an d‘Kontrolle sollen elo mol 6 Méint laang lafen. Mat dëse Kontrolle sollen déi irregulär Migratioun limitéiert an aktuell terroristesch Menacen genee wéi grenziwwergräifend Kriminalitéit reduzéiert ginn.
 
Obwuel annoncéiert gi war, datt och op den däitsche Grenzen mat de Benelux-Länner, grad wéi Frankräich an Dänemark wäert kontrolléiert ginn, seet den Inneminister Léon Gloden am RTL-Gespréich, datt senger Interpretatioun no Frontalieren net wäerten duerch Kontrollen iwwert d'Musel ewech impaktéiert ginn. En entspriechend Schreiwes vun der Ministesch Faeser ass um Méindeg a sengem Ministère ukomm.

De Léon Gloden

"An deem Schreiwe steet, datt se op de grenziwwerschreidende Verkéier an der Groussregioun dorobber Rücksicht huelen. Et sollte mengem Versteesdemech no an deem Bréif do keng Kontrollen op de Brécke stattfannen. A si hunn och extra ënnerstrach, datt se eeben kucken, datt déi Kontrollen, déi da sollten" innerorts", wéi eis däitsch Kolleege soen, gemaach ginn. Den grenziwwerschreidende Verkéier souwuel vun de Leit wéi och vun de Wueren sollen net ze vill beanträchtegt ginn".
 
Den Inneminister huet och d'Police gefrot, fir sech mat den däitsche Kolleegen a Kontakt ze setzen, fir d'Modalitéiten ze klären, déi fir d'Kontrollen nom 16. September solle gëllen.
 
Déi däitsch Regierung huet no engem Migratiounstreffe mat der Uniounsfraktioun an de Länner-Vertrieder e "Modell fir europarechtskonform an effektiv Zeréckweisunge entwéckelt", heescht et aus Regierungskreesser.

Déi däitsch Inneministesch Faeser soll e Méindeg der CDU/CSU-Fraktioun am Bundestag hir Virstellunge matgedeelt hunn an der Oppositioun "zäitno" vertraulech Gespréicher ugebueden hunn.

Den Uniounsfraktiounschef Friedrich Merz vun der CDU hat eng Ausbreedung vun den Zeréckweisungen un de Grenzen als Konditioun fir eng Suite vun de Gespréicher mat der Regierung iwwer d'Migratiounspolitik gemaach. Dës waren no der Messerattack zu Solingen mat dräi Doudesaffer opgeholl ginn. Den elo ausgeschaffte Modell soll Zeréckweisungen vun iwwer 30.000 Persounen zanter dem leschten Oktober erméiglechen. D'Grenzkontrolle géingen iwwerdeem wéi virgesinn der EU-Kommissioun matgedeelt ginn.