A Groussbritannien ass d'Zäitalter vun der Kuel eriwwer. Dat lescht Kuelekraaftwierk Ratcliffe-on-Soar mécht seng Dieren e Méindeg zou.

Mam Stoppe vum Betrib ass Groussbritannien dat éischt Land ënnert de siwe groussen Industrienatiounen G7, dat sech vun der Kuel lassseet. Spéitstens 2030 wëll d'Land de komplette Stroum CO2-fräi produzéieren, bis 2050 soll et komplett klimaneutral méiglech sinn.

Bis déi leschten Deeg hunn nach 350 Leit zu Ratcliffe-on-Soar, wat vum däitschen Energiebetrib Uniper bedriwwe gëtt, geschafft. Si sollen elo an aner Beräicher vun der Entreprise agesat ginn oder d'Firma verloossen. Bis 2030 soll d'Kraaftwierk komplett ofgerappt sinn. Op där Plaz soll Uniper no dono en Zentrum fir "CO2-fräi Technologie an Energie" entstoen.

1882 huet dat éischt Kuelekraaftwierk a Groussbritannien seng Dieren opgemaach. Dat zu London selwer. Déi industriell Revolutioun gouf am 18. an 19. Joerhonnert haaptsächlech duerch Kuel ugedriwwen.

"Kuel war fir méi wéi ee Joerhonnert d'Réckrad vun der Produktioun vun Energie am Vereenegte Kinnekräich", sot den Energieexpert Tony Bosworth vum Ëmweltverband "Friends of the Earth". "Ma elo ass hir Plaz an de Geschichtsbicher". De Bsoworth fuerdert, datt een och d'Notze vun Äerdgas séier op en Enn bréngt. Dëst huet dat lescht Joer nach ronn een Drëttel vum Energiemix ausgemaach.

Déi brittesch Regierung hat am Juli hire Plang fir déi zukünfteg Energiepolitik virgestallt. Deemno soll haaptsächlech a Wandenergieanlagen um Mier, Gezäitekraaftwierker an Atomkraaftwierker investéiert ginn.

Dat ee sech komplett vu Kuel distanzéiert huet, domadder steet Groussbritannien aktuell am G7 emol nach ganz eleng do. An Italien ass fir dat nächst Joer virgesinn, komplett op Kuel ze verzichten an a Frankräich steet et fir 2027 um Programm. Kanada wëll 2030 esouwäit sinn an Däitschland plangt mat 2038. Japan an d'USA hunn nach keen Datum festgeluecht.