De Lëtzebuerger Premier huet den EU-Sommet genotzt, fir verschidde Punkte mat de Staats- a Regierungscheffen aus eisen Nopeschlänner unzeschwätzen.

Besonnesch d’Migratiounspolitik stoung en Donneschdeg am Fokus vun den Diskussiounen ënnert de 27 EU- Staats-a Regierungscheffen um Sommet zu Bréissel.

Migratiounspolitik um EU-Sommet zu Bréissel / Reportage Diana Hoffmann

D’Diskussioun zu der Migratioun wier extrem intensiv gewiescht, huet de Premierminister Luc Frieden en Donneschdeg den Owend nom Sommet ënnerstrach. Hien hätt awer gespuert, dass et keng zwee Campen an Europa méi géing ginn, mee een de Sujet wéilt gemeinsam ugoen. Hie stellt awer och fest, dass alles, wat ee wéilt an der Migratiounspolitik areechen, net duerch Kontrolle vun de Bannegrenzen z’erreeche wier. Dowéinst hätt hien um Sommet e Plaidoyer dofir gehalen, wéi wichteg Schengen ass an dass d’Grenzen a Schengen op bleiwen.
 
Well Däitschland seng Grenzen ënner anerem och déi zu Lëtzebuerg zanter engem Mount kontrolléiert, a Frankräich och vum 1. November u Grenzkontrollen aféiert, huet de Luc Frieden um Bord vum Sommet d’Gespréich mam franséische President Emmanuel Macron an dem däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz gesicht.

"Ech hunn deenen 2 Kolleege kloer gesot, dass ech dat keng gutt Iddi géing fannen, an ech hu méi Versteesdemech beim franséische President wéi beim däitsche Bundeskanzler op där Fro gespuert", sou de Premier. Mam franséische President hätt hie festgehalen, dass de lëtzebuergeschen an de franséischen Inneminister dës Woch nach eng kéier sollen telefonéieren. Et wéilt een d’Situatioun an den nächste Wochen am A behalen. Et misst een den Impakt op d’Grenzgänger op e Minimum reduzéieren.
 
Weider Punkte waren, dass d’EU-Grenze misste gestäerkt ginn, fir déi illegal Migratioun ze stoppen. Leit, déi net als Refugiéen unerkannt sinn oder déi illegal agereest sinn, missten zréckgeschéckt ginn. D’Retourpolitik wier nämlech ee vun de gréisste Schwaachpunkte vun der EU a misst méi strikt gemaach ginn.

"Well maache mer dat net, dann ass et jo ganz egal firwat ee kënnt. Well ass ee Flüchtling oder net, et bleift een do. Ob ee legal era kënnt oder illegal, et bleift een do", ënnersträicht de Luc Frieden.

Et fäert een, dass dëst kéint negativ Auswierkungen op den Zesummenhalt an der Gesellschaft hunn. Respektiv, dass dëst kéint en Afloss op Walresultater hunn, dee ville Leit aus der Mëtt vun der Politik net géing gefalen. Doriwwer eraus misst awer och weiderhin eng legal Prozedur fir Refugiéë garantéiert sinn an et misste Weeër fir déi legal Migratioun geschaf ginn. Schliisslech géing Migratioun an der EU gebraucht ginn.

Den LCGB huet dann um Freideg de Moien och schonn intervenéiert an d'Regierung opgeruff, d'Urgence z'intervenéieren, fir dass d'Grenze mat eisen zwee Nopeschlänner opbleiwen. Vun deene Kontrolle wiere virun allem déi 176.000 däitsch a franséisch Frontaliere betraff, déi all Dag iwwert d'Grenz mussen, fir an de Grand-Duché schaffen ze kommen. Net nëmme géif doduercher de Stau op de Stroossen nach méi grouss ginn, ma d'Leit géifen och méi laang Zäit brauche fir hiren Trajet.

Den LCGB relancéiert dofir hiren Appell un d'Regierung, a spezifesch un de Premier Frieden, den Ausseminister Bettel an den Inneminister Gloden, bei der europäescher Kommissioun an de franséischen an däitschen Autoritéiten z'intervenéieren an d'oppe Grenzen, wéi se am Schengenaccord festgehale sinn, ze verdeedegen.