Entwécklungslänner fanne sech mat "ze nidderegem" Finanzaccord of
© Alexander Nemenov / AFP
No zéien Negociatiounen op der COP29 gouf an der Nuecht op e Sonndeg en neien Accord fir déi international Finanzéierung vum Klimaschutz fonnt.
Deemno soll d'Zomm vun de finanziellen Hëllefen, déi räich Länner deene Staate solle ginn, déi am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn, op 300 Milliarden Dollar d'Joer, also 287 Milliarden Euro, bis 2035 eropgesat ginn. Fir d'Entwécklungslänner allerdéngs eng "ze niddereg" Zomm. Doriwwer eraus gouf et Kritik, datt am Accord näischt festgehale gouf, fir vu fossillen Energien ewechzekommen an d'Zäregasemissiounen erofzesetzen.
"Ze mann an ze spéit"
Dat neit Finanzofkommes läit zwar wäit hannert de Fuerderunge vun den Entwécklungslänner, ass awer dräi Mol esou vill wéi déi aktuell 100 Milliarden Dollar d'Joer. Déi méi aarm Länner haten zu Baku eigentlech eng Hausse vun op d'mannst 500 Milliarden Dollar bis 2030 gefuerdert, och wann et an hiren Aen eng Zomm vun 1,3 Billiounen Dollar d'Joer bis 2035 bräicht.
D'Zomm vun 1,3 Billiounen Dollar gëtt am Accord zwar elo als Zil-Gréisst genannt, allerdéngs ouni Detailer zu der Originn vun de Mëttel ze nennen. Den neie Prozess "Baku to Belem roadmap" soll hëllefen, Méiglechkeeten dofir auszeschaffen. Zu Belém a Brasilien gëtt jo d'nächst Joer d'COP30 organiséiert.
Nom Accord hat déi indesch Vertriederin Chandni Raina d'Zomm als "vill ze kleng a schappeg" bezeechent. Och d'Vertrieder aus Kuba a Bolivien hunn d'Ofkommes staark kritiséiert. Fir d'afrikanesch Länner ass d'Zomm "ze mann" an den Accord kéim "ze spéit" fir hire Kontinent. "Mir sinn extreem enttäuscht iwwer de Manktem u Progrès bei de fir Afrika wichtegen Theemen", sot de Chef-Vertrieder Ali Mohamed.
Och Schwellelänner abezéien
D'Industriestaaten hirersäits hate gefuerdert, och ekonomesch staark Schwellelänner wéi China bei der Finanzéierung anzebezéien, wat nëmme bedéngt geschitt ass. D'Entwécklungslänner, zu deenen och China formell zielt, ginn deemno elo "encouragéiert", "op fräiwëlleger Basis" zu den Hëllefe bäizedroen.
© AFP
Kritik un Oflaf vu COP29
Kritik gouf et iwwerdeem och un der aserbaidschanescher Presidence vun der Konferenz. Aus Protest hu Vertrieder vu besonnesch vulnerabele Länner wéi kleng Inselstaaten tëschenduerch d'Verhandlunge verlooss.
Den UN-Klimasekretär Simon Stiell huet zouginn, datt d'Ofkommes kee Grond wier, fir ze feieren. "Kee Land huet alles kritt, wat si wollten", trotzdeem géing mam Accord "eng nei Ära" ufänken. Och déi däitsch Ausseministesch huet vun engem neie Kapitel fir d'Finanzéierung vum Klimaschutz geschwat. Op d'mannst géing et elo "e Startpunkt" ginn.