Op d'mannst sechs Doudeger bei Explosioun an Appartementshaus
© AFP
An der Nuecht op e Samschdeg ass en Appartementshaus zu Den Haag no enger Explosioun zum Deel an e Koup gefall. Op d'mannst 6 Mënsche koumen ëm d'Liewen.
Bei der Sich no Iwwerliewenden hunn d'Secouristen an d'Pompjeeën bis e Sonndeg fënnef Doudesaffer gebuergen. E Méindeg gouf dunn ee weidert Doudesaffer confirméiert. Donieft gouf e Samschdeg den Owend eng weider Persoun lieweg fonnt, si koum wéi déi aner dräi Blesséierter an e Spidol.
Wéi vill Mënschen eventuell nach ënnert de Stécker vum Gebai sinn, ass net bekannt, ma "Tatsaach ass, datt et fir si nëmmen nach eng geréng Iwwerliewenschance gëtt", sot de Buergermeeschter vun Den Haag, de Jan van Zanen am Nomëtteg op enger Pressekonferenz. Och d'Pompjeeë ginn dovun aus, datt ee weider Doudesaffer fanne wäert.
D'Ursaach vun der Explosioun, déi d'Feier ausgeléist huet, ass den Ament nach net gewosst. D'Police schléisst awer net aus, datt d'Explosioun eventuell express ausgeléist gouf a sicht no engem Auto, dee kuerz no der Explosioun an der Géigend gesi gouf a séier fort gefuer war.
© JOSH WALET / ANP / MAGANP via AFP