International hunn, wann een op d'Joer zeréckkuckt, virop zwee Kricher d'Aktualitéit dominéiert. Deen am Noen-Osten an d'Russesch Invasioun vun der Ukrain.

Fir eis wier de Krich heiansdo nach wäit ewech, dobäi wier e wierklech hei op der Dier, dat seet d'DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes um RTL-Mikro. Am Interview mam Jeannot Ries huet si op d'Joer 2024 zréckgekuckt an en Ausbléck op dat gemaach, wat nach kéint kommen.

Réckbléck Verdeedegung: Interview mat der Yuriko Backes/Reportage Fanny Kinsch

Zwee Kricher hunn d'international Aktualitéit dëst Joer dominéiert: deen am Noen Osten an d'russesch Invasioun vun der Ukrain. De Konflikt an der Ukrain krut iwwert déi lescht 12 Méint ëmmer weider Auswierkungen iwwert d'Grenze vun der Ukrain eraus.
 
"Haut gesi mer méi wéi jee, dass mer d'Nato brauchen an dass mer do als Alliéierten och missen zesummenhalen. Dofir ass et fir mech och ganz wichteg, mir hate virun e puer Wochen eng Reunioun als NATO zesumme mat Japan, Südkorea, Australien an Neuseeland. Déi Relatiounen, déi si wierklech weesentlech.", esou d'Yuriko Backes.
 
Et wier nämlech net just Russland an d'Ambitioune vu Russland, déi engem misste Suerge maachen. 
 
"Mir gesi wéi China sech entwéckelt, mir gesinn dann déi Alliéierte ronderëm déi zwee Länner: Iran, wat geschitt do?, Nordkorea, ech mengen, do si verschidde Länner a verschidde Presidenten do, déi, mengen ech, eng aner Vue op d'Welt hu wéi mir se hunn. Dofir wierklech raison de plus, dass mer an der NATO an zesummen dann och mat eisen indopazifeschen Alliéierten a Partner eis do gutt opstelle fir d'Zukunft."
 
De Wladimir Putin wier am Gaangen, d'Weltuerdnung op d'Kopp ze stellen, esou d'Verdeedegungsministesch. D'Nato misst dofir am Stand sinn, credibel ofzeschrecken, fir an noer oder mëttlerer Zukunft z'evitéieren, datt een attackéiert gëtt. Dofir géing een och net laanscht d'Diskussioun kommen, méi an d'Verdeedegung z'investéieren. Aktuell sollen d'Nato-Memberlänner jo 2 Prozent vun hirem PIB investéieren, Lëtzebuerg 2 Prozent vum RNB.
 
"Ech schwätzen elo informell, effektiv gëtt dat vun, net nëmme vum Secrétaire général, och vu verschiddene Länner, déi haut schonn op 3% sinn, déi soen, jo, ech mengen, mir mussen alleguerten dohinner kommen. Dem amerikanesche President säi Message war jo och scho virun e puer Joer, d'Europäer misste méi an hir Verdeedegung investéieren. Mir wäerten déi Diskussioune misse féieren. An dat gi keng einfach."
 
Lëtzebuerg wier a kuerzer Zäit e wäite Wee komm an hätt d'Investitiounen an d'Verdeedegung bannent 10 Joer verdräifacht, huet d'Yuriko Backes ënnerstrach. Mat Bléck op Washington misst een ofwaarden, wéi den neien US-President Donald Trump sech effektiv géigeniwwer dem Krich an der Ukrain positionéiere wäert. Do géifen dann och am Kader vun der Nato Diskussioune gefouert ginn.

De kompletten Interview mat der Yuriko Backes
D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am RTL-Interview.