De Krich tëscht Israel an der Hamas huet antëscht de ganzen Noen Osten an eng Kris gefouert.

Ugefaangen huet dëse Krich mat der palästinensescher Terrorattack vum 7. Oktober 2023. Mëttlerweil si mat Israel, de palästinenseschen Territoiren, Libanon, Syrien, Iran a Jemen 6 Länner direkt an dee Konflikt verwéckelt. D'Regioun ass am Ëmbroch, hir Zukunft ongewëss.

E Réckbléck op d'Entwécklungen am Noen Osten / Petz Bartz

D’Eskalatioun am Noen Osten, déi sech 2023 ugekënnegt hat, ass 2024 agetrueden. De Krich vun Israel géint d’Hamas an der Gazasträif huet no a no zu grousse geopolitesche Verännerunge an der ganzer Regioun gefouert.

Mam Manipuléiere vu Pager an Walkie-Talkien huet de Mossad, den israeeleschen Auslandsgeheimdéngscht, der Hisbollah am Libanon eng Fal gestallt, déi an d’Geschichtsbicher dierft agoen. Mat direkte Loftattacken op d’Haaptstad Beirut war d’Front am Norden dunn déi nei Realitéit an Tel Aviv hat sech d'Zil gesat, d’Waffenarsenaler vun där vum Iran ënnerstëtzter Miliz auszehiewen. Mam Hassan Nasrallah huet Israel an enger preziser Loftattack Enn September dunn och de Kapp vun der schiitescher Miliz liquidéiert. Zanter Enn November gëllt eng Wafferou mat Libanon. D’Land steet, wéi schonn esou dachs a senger Geschicht elo virun engem Neiopbau mat ongewëssem Ausgank.

Och an der Gazasträif kombinéiert Israel déi disproportionéiert, konventionell Militäroffensiv, déi ëmmer erëm zu massivem Leed an der Flucht vun der Zivilpopulatioun féiert, mat geziilte Morduschléi op déi eigentlech Responsabel hannert der Terrorattack vum 7. Oktober 2023.

Zu Teheran fält den Ismail Haniyeh, de Kapp vun der Hamas, a keng dräi Méint drop, de Yahya Sinwar, de Chef vun de Militäroperatiounen vun der Hamas an der Gazasträif. De Sinwar gouf an engem Gebai vun enger Dron detektéiert. Den israeelesche Premier Netanjahu hat den Doud vum Sinwar folgendermoossen annoncéiert: "De Yahya Sinwar ass dout. E gouf zu Rafah vun der israeelescher Arméi ëmbruecht. Et ass net d’Enn vum Gazakrich, mee et ass den Ufank vum Enn."

An der Knesset, dem israeelesche Parlament, gouf e Verbuet vun der UNRWA, der UNO-Hëllefsagence fir Palästinenser, decidéiert. Millioune Palästinenser sinn op de Büro ugewisen, mee Israel seet der Organisatioun enk Kontakter zu der Hamas no. De Verbuet gouf ënner anerem vun derUNICEF staark kritiséiert. "Mat där Decisioun gouf e neie Wee fonnt, Kanner ëmzebréngen", heescht et vum UNICEF-Spriecher James Elder.

Am Westjordanland huet Israel géint d’Palästinenser en enken Alliéierte aus dem eegene Vollek: Jiddesch Extremisten, déi de palästinenseschen Territoire als hir Kolonie verstinn, drangsaléieren an attackéieren d’Populatioun. D’Rietsextremisten an der Netanjahu-Regierung maache keen Heel méi aus hirem eigentlechen Zil: der kompletter Annexioun vum palästinenseschen Territoire. Dës Ausso vum israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich ass méi ewéi däitlech: "Mat Hëllef vu Gott gëtt 2025 d’Joer vun onser Souveränitéit iwwert d’Westjordanland. Deen eenzege Wee, en terroristesche Palestinenserstaat ze verhënneren ass, dass Israel d’Westjordanland iwwerhëlt. D’Victoire vum President Trump gëtt dem israeelesche Staat eng eemoleg Geleeënheet."

D'Thema Zwee-Staate-Léisung gëtt domat zu der Seeche vun der Rouder Geess. Den Zionismus an internationaalt Recht sti sech am Wee. Dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag huet géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a säi fréiere Verdeedegungsminister Yoav Gallant e Mandat d’arrêt ausgestallt. Och de Virworf vu Genozid steet am Raum.

Et ass fir d’Regierung och weiderhi keng Prioritéit, d’Geisele fräizekréien, déi nach ëmmer an der Gewalt vun der Hamas an der Gazasträif sinn. Systematesch gi Friddensverhandlungen platze gelooss, just ier se zu engem Ofschloss kommen. Iwwer 45.000 Leit si mëttlerweil an der Gazasträif zanter dem Ufank vum Krich ëm d’Liewe komm.
 
Nieft dem geleeëntleche Kraaft-Moosse mam Iran an den Huthien a Jemen huet déi israeelesch Aussepolitik 2024 awer virun allem och dozou bäigedroen, dass een Diktator konnt gestierzt ginn. Mam Bashar al-Assad huet een Tyrann d’Weltbün verlooss. Déi staark deziméiert Capacitéite vum Iran an der Hisbollah hunn den islamistesche Rebelle vun Idlib an Aleppo am Norde vu Syrien eng Ouverture gebueden. De syresche Militär hat keng Ënnerstëtzung méi vu baussen. Hayat Tahrir al-Sham dogéint, déi fréier Al-Nusra-Front, en enken Alliéierte vun Al-Qaida, gouf militäresch vun der Tierkei opgebaut virop och fir géint d’Kurden ze goen. Dat éischt Zil awer war Damaskus an de Wiessel un der Spëtzt vun enger Dynastie.

Ma mam Enn vum Assad-Regimm sinn d'Erausfuerderungen am Land awer kengesfalls eriwwer, sou den UN-Diplomat fir Syrien Geir Pedersen: "Et ginn e puer Erausfuerderungen. Eng ass, dass de Konflikt net eriwwer ass. Jo, et gëtt Stabilitéit zu Damaskus, mee et ginn Erausfuerderungen an anere Regiounen an eng vun de gréissten ass d’Situatioun am Nordosten."

Den Nordoste vu Syrien ass d’Heemecht vun de Kurden, den enken Alliéierte vum Westen am Kampf géint den Islamesche Staat. Iwwer 13.000 Dschihadiste sëtzen do bis op Weideres a Prisongen. Iwwer 30.000 radikaliséiert Fraen a Kanner liewen a Lager wéi Al-Hol. D’Regioun ass weiderhin e Polverfaass. Hayat Tahrir al-Sham weist sech den Ament vun enger moderéierter Säit. D’Salafiste vun deemools hunn de Frae Rechter accordéiert a verséchere Reliounsfräiheet a Minoritéiten ze respektéieren. D’Zukunft vu Syrien awer dierft an hirer Relatioun zu de Kurde leien. D’Sécherheet vun Europa de facto och.