Den US-Walkampf huet der Welt dëst Joer eng Show geliwwert, déi räif fir Hollywood war.

E Réckbléck op d'Presidentiellen an den USA / Reportage Anne Wolff

Sief et d’Kazen-Ausso vum Donald Trump an engem Tëleesdebat géint d’Kamala Harris, den Trump, wéi hie Fritten an engem Fastfood-Restaurant zerwéiert, d’Taylor Swift, dat d’Harris ënnerstëtzt, oder d’Attentater op den Trump am Pennsylvania an am Florida.

Vu bizare bis dramatesche Biller war an deem Walkampf wierklech alles dobäi. Déi politesch Inhalter sinn do bal an den Hannergrond geréckelt.

Am Reportage e Freideg am Journal hu mir op déi skurrilst Momenter vun engem politesche Spektakel, dee wuel dierft an d’Geschichtsbicher agoen, zeréckgekuckt.