Knapp 20 Leit hunn e Freideg an der Mëttesstonn un enger Pro-Kongo-Maniff virun der Lëtzebuerger Ambassade an der belscher Haaptstad deelgeholl.

D'Manifestante wiere vum Kollektiv "Free Congo" gewiescht, esou den Internetsite vun "La Libre Belgique". Si hate sech e Freideg an der Mëttesstonn mat Fändelen, Pancarten an engem Lautsprecher virun der Lëtzebuerger Ambassade respektiv der Lëtzebuerger Représentation permanente bei der EU an der Avenue de Cortenbergh am Bréisseler Europa-Véierel versammelt.

Hire Message war kloer: "Stop Funding Rwanda", "Rwanda is Killing in Congo" oder "Les richesses du Congo au peuple Congolais" war op de Plakater vun de Manifestanten ze liesen. Lëtzebuerg hu se reprochéiert, "complice" vum Ruanda ze sinn, an de Grand-Duché dowéinst och "assassin" vernannt. Donieft goufen och Sanktioune géint de ruandesche President Paul Kagame gefuerdert.

Hannergrond ass, datt Lëtzebuerg Sanktioune géint de Ruanda op EU-Niveau blockéiert hätt, als eenzegt Land. Den Ausseminister Xavier Bettel war dowéinst och zu Lëtzebuerg zerguttstert kritiséiert ginn, huet seng Positioun awer erkläert an nuancéiert: Hien hätt wëllen en afrikanesche Mediatiounsversuch ofwaarden. Och de Premier Luc Frieden hat sech mussen an der Chamber erklären. Hie war net am Virfeld iwwer d'Diskussiounen am Conseil vun den EU-Ausseministeren zur Situatioun am Kongo informéiert ginn, ma dat wier och net üblech, wann et keen offizielle Vott am Conseil géif ginn, esou seng Reaktioun.

RTL

Massegraf zu Goma: Bei de Kämpf am Oste vum Kongo sollen zanter dem Ufank vum Joer méi wéi 7.000 Leit ëmkomm sinn. / © AFP

Antëscht soll dann och festgehale gi sinn, datt 10 Persoune vum Ruanda sanktionéiert ginn. De 17. Mäerz dierften d'EU-Ausseministeren inkl. Xavier Bettel dat offiziell approuvéieren. D'Maniff vum Freideg dierft dann och zum Zil gehat hunn, weider Drock op Lëtzebuerg an op d'Politik vun der Europäescher Unioun allgemeng ze maachen.

De Kongo reprochéiert jo dem Nopeschland Ruanda, d'Rebelle-Miliz M23 am Oste vum Kongo, dee räich u Buedemschätz ass, ze ënnerstëtzen. Do gëtt an der Lescht ëmmer méi intensiv gekämpft – Kämpf, déi scho vill Affer gefuerdert hunn.

RTL

© Luc Marteling