Weltwäit wéineg Euphorie op US-Taxen, déck Verloschter op de Finanzmäert
Joerzéngte laang wären d'USA iwwer den Dësch gezu ginn. Domadder wär elo um "Liberation Day" Schluss...
Esou den US President Donald Trump e Mëttwoch Owend, wéi hien seng Panoplie u Stroftaxen ugekënnegt huet. "Make America Wealthy Again" ass elo den amerikanesche Credo, vun deem vun e Samschdeg un Importer aus der ganzer Welt betraff sinn.
D’Strofsteiere sinn op den internationale Finanzmäert ukomm an hu wéi erwaart zu éischte phenomenale Verloschter gefouert. Am Wäissen Haus ass ee weiderhin iwwerzeegt dovun, alles richteg ze maachen. Fir Wirtschafts- an Handelsexperten dogéint ass et e Schoss an deen eegene Knéi.
"Amerikanesch Matbierger, haut ass den Dag vun der Befreiung. Ech hu laang drop gewaart. Den 2. Abrëll 2025 wäert stoe fir deen Dag, wou déi amerikanesch Industrie neigebuer gouf, wou Amerika säi Schicksal erëm an déi eegen Hänn geholl huet a wou mer ugefaangen hunn, Amerika erëm zu Räichtum ze féieren", sou den Donald Trump bei senger Ried virum Wäissen Haus.
D'Reaktioune weltwäit si manner euphoresch. Um Import vun auslänneschen Autoen an d’USA gëllen direkt 25 Prozent. Vun e Samschdeg u gëllen 10 Prozent Strofsteiere fir all Land. Vun e Mëttwoch, dem 9. Abrëll un dann déi zousätzlech Strofsteieren op verschiddene Länner. Den Impakt fir d’EU läit bei 20 Prozent.
D'Ursula von der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin: "All Betriber, grouss oder kleng, wäerte vum éischten Dag u leiden duerch grouss Onsécherheet vun de Liwwerketten a komplizéierter Bürokratie. De Käschtepunkt fir Handel mat den USA ze maache wäert drastesch klammen. Et gesäit aus, wéi wann et keng Uerdnung géif an der Onuerdnung, déi geschaf gëtt an déi all Handelspartner vun den USA betreffen."
D’EU gëtt sech deemno nach eemol Zäit fir Verhandlungen, och wann sech Washington bis ewell ni drop agelooss hat. Géigesteiere sollen awer nach net direkt a Kraaft trieden.
D'Welthandelsorganisatioun WTO warnt virun engem globalen Handelskrich. Et géif een d’Stroftaxen-Politik vun den USA mat grousser Suerg suivéieren, sot d’Generaldirektesch Ngozi Okonjo-Iweala zu Genf. A ville Regioune vun der Welt wier de Wirtschaftswuesstem staark menacéiert. Déi amerikanesch Zousaz-Taxe wäerten de Welthandel dëst Joer wuel ëm méi wéi ee Prozent abrieche loossen.
De franséische President Macron appelléiert zu drastesche Mesuren, nämlech fir op sämtlech Investitiounen an den USA ze verzichten, bis dat ganzt gekläert wier. Et wier net ubruecht, Milliarden Euro an d’US-Wirtschaft ze pompelen, wann déi op eis géif aschloen, heescht et aus dem Elysée.
Den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck huet gewarnt, datt d'"US-Taxe-Manie" weltwäit massive Schued uriichte kéint. Se kéint eng Spiral a Beweegung setzen, déi Länner an d'Rezessioun geheie kéint.
De japanesche Premier Ishiba jugéiert déi zousätzlech 24 Prozent Taxen fir säi Land als national Kris, well een staark vun Exporter an d’USA ofhängeg wier.
Néierens awer war een esou paff iwwer d’Ignoranz vu Washington en Donneschdeg wéi an Australien. Op der Lëscht vum Wäissen Haus taucht Heard a McDonald Island op – et ass ee klengen Territoire am südlechen Indeschen Ozean, deen zu Australie gehéiert awer méi wéi 5.800km ewech ass. Et ass eng vun den entleeënste Plazen op der Welt. D’Insel war ni an ass och aktuell net bewunnt a produzéiert näischt. Et ass deemno och keen do, deen iergendeppes kéint an d’USA exportéieren.
Den Donald Trump huet iwwerdeems wësse gedoen, dass hien ëmmer zu Gespréicher bereet wier. Sollt e Land eppes "Phenomenales" ubidden, wier ëmmer en Deal méiglech. Déi weltwäit Boursse sinn en Donneschdeg iwwerdeems deels massiv an de Keller gefall. Den Dow Jones huet 4 Prozent verluer, den Dax 3 Prozent. Déi grouss amerikanesch Bank JP Morgan chiffréiert de Risk vun enger globaler Rezessioun mëttlerweil op 60 Prozent.