Et ass ewell déi 25. Kéier, datt eist Land un enger Weltausstellung deelhëlt. Schonns bei der éischter Weltausstellung 1851 zu London ware mir mat dobäi.

Bis den 13. Oktober wäerten elo ënner dem Motto "Designing Future Society for our Lives" eng ronn 160 Länner a Regioune sech mat engem Pavillon vun hirer beschter Säit weisen. 28 Millioune Visiteuren aus der ganzer Welt ginn an den nächste Méint erwaart. Och Lëtzebuerg ass mat engem eegene Pavillon hei vertrueden. Ënnert dem Thema „Doki Doki – The Luxembourg Heartbeat“ wëll een hei weisen, wéi divers, innovativ Lëtzebuerg an eis Natur, Kultur a Gesellschaft ass. Virun allem wëll een och d’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg a Japan no vir bréngen. Mir hunn en éischten Tour duerch de Lëtzebuerger Pavillon gedréint an do ënner anerem och nees déi Keelebunn, déi zu Lëtzebuerg ofgebaut gouf, rëmgesinn.

4 Joer laang gouf un der Weltausstellung gebaut. Op 155 Hektar ginn iwwert déi nächst 6 Méint déi neisten Trends an Technologië presentéiert.
 
Tëscht dem Däitschen an dem Nepaleesesche Pavillon steet de Lëtzebuerger Pavillon. Et wëll een de Visiteuren d'Lëtzebuerger Liewensgefill méi nobréngen. 
 
Et ass ewell déi 25. Kéier, datt eist Land un enger Weltausstellung deelhëlt. Schonns bei der éischter Weltausstellung 1851 zu London ware mir mat dobäi. Et ass iwweregens fir d'zweete Kéier, datt zu Osaka esou eng Expo organiséiert gëtt. 1970 ware 64 Millioune Visiteure komm, fir dës Editioun rechnen d'Organisateure mat grad emol 28 Milliounen Entréeën. D'Weltausstellung dauert nach bis den 13. Oktober.