D’Press schwätzt vum gréissten Oprëschtungsplang vun allen Zäiten. Zu Bréissel sinn e Mëttwoch d'NATO-Verdeedegungsministere beieneekomm.

Haaptsujet op dëser leschter Entrevue virum groussen NATO-Sommet Enn des Mounts sinn d'Militärdepensen vun de Memberlänner.

D'USA wëllen, datt dës op 5% vum PIB klammen. Dat huet hiren Defenseminister Hegseth e Mëttwoch de Moien och nach emol méi wéi kloer gemaach. All Land an der NATO géif verstoen, datt jidderee säint muss bäidroen. All Land misst säi Bäitrag leeschten an Héicht vu 5%, fir déi aktuell Geforelag unzerkennen. D’USA hate jo d’NATO-Staaten ënner Drock gesat, an domat gedreet, sech aus der Nordatlantescher Allianz zréckzezéien, sollten déi aner Partnerstaaten net méi an hir Arméien investéieren.

D'Alliéiert wiere "ganz no" un engem Konsens, fir déi 5% Militärdepensen z'erreechen, sot den amerikaneschen Defenseminister e puer Stonnen drop um Bord vun der NATO-Reunioun. Et géif just wéineg Länner, "déi nach net ganz sou wäit sinn". Wéi eng dat sinn, huet hien net gesot. Et ass allerdéngs dovunner ausgoen, datt och Lëtzebuerg derbäi ass, wat zu deenen dräi Länner gehéiert, deenen hiren NATO-Contributioun bis elo am niddregsten ass. Déi Länner géif een awer "esou wäit bréngen", sou den Hegseth mat Bléck op den NATP-Sommet Enn des Mounts.

Sécher ass, dass d'NATO-Länner, also och Lëtzebuerg, an noer Zukunft bedeitend méi an d'Defense wäerte mussen investéieren. Scho viru Wochen hat den NATO-Generalsekretär Rutte e Plang virgeluecht, deen Defenseausgaben an Héicht vun 3,5% plus annerhallwe Prozent fir indirekt Depensë virgesäit.

"Mir hunn de Message héieren", sot den NATO-Generalsekretär Mark Rutte op engem gemeinsame Point-Presse mam Pete Hegseth zu Bréissel. Hien huet den Amerikaner do och ausdrécklech Merci gesot fir hiren Engagement an hir Hëllef an der Ukrain.

Zu Bréissel gëtt sech fir d’alleréischt iwwert d’Defenseziler ofgestëmmt. An déi missten eropgoen, fir déi net grad eng Milliard Leit am NATO-Gebitt weider a Sécherheet kënnen ze halen, sou den Hollänner. Wie sech méi verdeedege wéilt, misst méi ausginn, vill méi ausginn. Wéinst der russescher Menace steet konkret de massiven Ausbau vu Loftofwiersystemer, Laangstreckewaffen a Logistik am Raum. 

Lëtzebuerg hofft weider op Flexibilitéit

Lëtzebuerg huet sech rezent jo dozou engagéiert, seng Militärdepensë bis Enn des Joers op 2% vum Revenu National Brut eropzeschrauwen. Alles an allem sinn dat 1,2 Milliarden Euro. Dat si 400 Milliounen Euro méi wéi bis elo. De Grand-Duché profitéiert fir den Ament Mol nach weider vun der Ausnamereegelung, datt bei eis net de PIB, mä de méi niddregen RNB gekuckt gëtt, fir d’Ausgaben ze berechnen. Nawell bleift et e considerabelen Effort, deen d'Land muss opbréngen. De Finanzminister Gilles Roth huet virun e puer Wochen nach emol versprach, datt d’Steieren trotz allem net sollen eropgoen. Déi zousätzlech Ausgabe fir d’Defense solle via Scholden, déi national Kredit- an Investitiounsgesellschaft an zu engem weideren Drëttel iwwer d'Reprioriséierung vun Investissementer gedeckt ginn.

Zu den neien Ziler vu 5%, déi elo méi wéi am Raum stinn, huet sech bis elo nach kee vun der Regierung offiziell positionéiert. Mä den Drock och op Lëtzebuerg ass net ofzestreiden. Duerfir wier et och net méi méiglech gewiescht, réischt 2030 op d’NATO-Zil vun 2% eropzegoen. Lëtzebuerg wollt net isoléiert do stoen, sou d’DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes bei eis op der Antenn.

Fir d’DP-Ministesch wiere 5% Militärausgabe fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg ganz schwiereg. Dowéinst géif ee weider op eng gewëssen Flexibilitéit hoffen.