Um NATO-Sommet zu Den Haag wäerten d’Memberstaaten en neit gemeinsaamt Zil festleeën.

Bis 2035 solle bis zu 5 Prozent vum Bruttoinlandsprodukt an d’Verdeedegung investéiert ginn.

D’Decisioun kënnt an engem Moment, wou d’international Sécherheetslag ëmmer méi instabil gëtt an de politeschen Drock, virun allem aus den USA, ëmmer méi grouss gëtt.

3,5% fir "hard defence“, 1,5% fir Infrastruktur

Déi ugekënnegt 5 Prozent ginn an zwee opgedeelt: 3,5 Prozent si fir déi klassesch militäresch Verdeedegung virgesinn, dorënner Personal, Material, Munitioun a militäresch Infrastrukturen. Déi aner 1,5 Prozent sollen an indirekt Militärausgaben investéiert ginn, wéi beispillsweis Infrastrukturen (Stroossen, Brécken, …).

Den US-President Donald Trump hat ëmmer nees drop gepocht, datt Europa méi misst bäidroen. D’Decisioun vun Den Haag gëtt dofir vu ville Leit als Konzessioun un déi amerikanesch Demande gewäert a gläichzäiteg als Signal, datt Europa bereet ass, méi Verantwortung z’iwwerhuelen.

Lëtzebuerg: Klenge Partner, mat spezialiséiert Expertise

Fir Lëtzebuerg ass d’Situatioun méi komplex. De Grand-Duché erreecht aktuell just ronn 0,7 Prozent vum PIB u Verdeedegungsausgaben. Dëst läit zum Deel dorunner, datt de lëtzebuergesche Produit Intérieur Brut wéinst enger grousser Zuel u Pendler, d’Regierung huet dowéinst och ëmmer drop higewisen, net mat aneren Natiounen direkt vergläichbar wier.

Trotzdeem engagéiert sech Lëtzebuerg aktiv an der NATO. Amplaz op Masse ze setzen, investéiert Lëtzebuerg zanter Joren an Zukunftstechnologien a strategesch Nischen, wéi zum Beispill d’Cyberverdeedegung, d’Weltrauminfrastrukturen (Satellitten) oder och  d’Logistik.

Déi nei Zilsetzung stellt d’Lëtzebuerger Regierung viru grouss Erausfuerderung. De Premier Luc Frieden hat awer scho gesot, dass Lëtzebuerg senge Partner géif uschléissen, wann e gemeinsamen Accord um NATO-Sommet fonnt gëtt.

D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an och den Ausseminister Xavier Bettel ware virun enger knapper Woch zu Le Bourget. An Interviewe sote béid, et wier zentral, dass, wa Lëtzebuerg méi an de Militär investéiert, och Lëtzebuerger Betriber dovu kéinte profitéieren.

RTL

D'Verdeedegungsministesch war de 22. Mee 2025 op Aarbechtsvisitt a Finnland. / © MAE

Baltesch Staaten als Virreider

Déi baltesch Staaten (Estland, Lettland a Litauen) hu scho virdrun hir Verdeedegungsausgaben däitlech eropgesat. Estland investéiert schonn iwwer 3 Prozent vum PIB an d’Verdeedegung, a gesäit sech wéinst senger geographescher Lag als éischt Verdeedegungslinn am Fall vun enger Eskalatioun mat Russland. Och Lettland a Litauen hunn hir Staatsbudgeten un d’Erausfuerderungen ugepasst a begréissen d’5-Prozent-Zil als e logesche Schrëtt.

Spuenien bleift zréckhalend

Am Géigesaz dozou ass Spuenien nach wäit vum gemeinsamen NATO-Zil ewech. D’Land huet och 2025 nach ëmmer net d’2-Prozent-Zil erreecht, déi eigentlech schonn zënter 2014 ugestrieft goufen. Madrid huet zwar ugekënnegt, bis 2029 méi ze investéieren, mee intern gëtt et staark politesch a gesellschaftlech Bedenken, virun allem wéinst Prioritéiten an der Sozialpolitik.

Däitschland wëll déi stäerkst Arméi an Europa ginn

Däitschland huet nom Ausbroch vum Ukrainkrich eng "Zeitenwende“ ausgeruff. Mat engem Spezialfong vun 100 Milliarden Euro soll d’Bundeswehr moderniséiert ginn. D’Zil, déi stäerkste konventionellen Arméien an Europa opzebauen. En Zil, dat de Bundeskanzler Friedrich Merz um Dënschdeg nach eemol virum Bundestag ënnerstrach huet.

RTL

De franséische President Emmanuel Macron, den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz an de brittesche Premier Keir Starmer zu Den Haag. / © AFP

Frankräich baut op Ofschreckung

Als Atommuecht gesäit sech Frankräich als Pilier vun der europäescher Sécherheet. De franséische President Emmanuel Macron betount ëmmer nees, d’Noutwendegkeet vun enger europäescher Verdeedegungskapazitéit, déi d’NATO ergänzt, awer och am Eenzelfall autonom kéint funktionéieren. Frankräich investéiert systematesch an d’Moderniséierung vu senge Verdeedegungskapazitéiten.

Eng vun de grousse Froe bléift, wéi positionéieren sech d'USA. Dass den aktuellen US-President Donald Trump net de gréisste Fan vun der Allianz ass, ass kee Staatsgeheimnis.