Zu New York gëtt op der UN-Konferenz iwwer eng Zwee-Staate-Léisung diskutéiert
Frankräich a Saudi-Arabien probéieren d'Efforte vun 125 Länner ze koordinéieren, fir um Enn eng dauerhaft Léisung vum Konflikt am Noen Osten ze fannen.
Am Mëttelpunkt vun der erhoffter Léisung am Krich tëscht Israel a Palästina steet d'Zwee-Staate-Léisung. Lëtzebuerg ass bei der UN zu New York vertrueden duerch den Ausseminister Xavier Bettel, fir deen et bannent de leschte Stonne weider Fortschrëtter gouf:
"D’Palästinenser hu sech engagéiert, dass eng Deradikalisatioun an de Schoule kënnt. Dass Wale kommen. Mee mir hu virun allem och en Engagement vun den arabeschen a muslimesche Länner, dass den Hamas net Gudder sinn. Dass den Hamas muss demilitariséiert ginn. Dass hinnen d’Waffe mussen ewechgeholl ginn. Dat heescht, och en Engagement vun der arabescher Welt, dee mer bis elo net haten. An och eng Unerkennung an deem Text, deen ob jiddwerfalls den Ament zirkuléiert, och vun enger Rescht u Länner, déi den Ament Israel net unerkannt hunn. Fir do op d’mannst Relatiounen ze stabiliséieren. Ech mengen dass dat eng Situatioun ass, déi um Terrain eppes ännert an net nëmme Symbolpolitik ass. Wat ech bis elo ëmmer de Virworf gemaach hunn, wann een eng Unerkennung einfach mécht, déi näischt bréngt."
Déi zwee wichtegst Acteure sëtzen net mat um Dësch: Israel an d'USA
Vu Washington komme schaarf Wierder. D'USA boykottéieren d'Reunioun. Dës Konferenz géif näischt zum Fridde bäidroen. Si géif just de Krich verlängeren, d'Hamas stäerken a richteg Friddensbeméiungen ënnergruewen, esou d'US-Diplomatie.
D’Reaktioun vum Xavier Bettel: "D’Länner si fräi, déi Decisiounen ze huelen an der Aussepolitik, déi se fir richteg fannen. Et huet kee Land ze diktéieren, wat déi aner Länner ze maachen hunn. Ech mengen, datt do villäicht deen een oder anere sech falsch ausgedréckt huet. Ob jiddwer Fall ass et dat, wat ech kéint hoffen. Mee wann Amerika mengt, oder wann ee Land weltwäit mengt, dass dee kéint Imposéieren, wat déi aner Länner an hirer Aussepolitik maachen, da kann ech nëmmen de Kapp rëselen. Lëtzebuerg ass e fräit Land, wat seng eegen Aussepolitik och decidéiert. Mir wëssen, dass den Impakt méi grouss ass, wann ee mat anere Leit se mécht."
Och Groussbritannien wëll unerkennen
En Dënschdeg de Mëtteg huet no Frankräich elo och Groussbritannien ugekënnegt, de palästinensesche Staat am September op der UNO-Vollversammlung un z'erkennen, ausser Israel géif Schrëtt ënnerhuelen, der humanitärer Katastroph an der Gazasträif entgéintzewierken an eng Wafferou agoen. D'Land misst sech och an engem dauerhafte Friddensprozess engagéieren, deen zu enger Zwee-Staate-Léisung géif féieren.
Den Ausseminister Xavier Bettel sot no der Annonce vu Frankräich d'lescht Woch zum Lëtzebuerger Standpunkt, et géif een dozou tendéieren, Palästina unzëerkennen. Et wier awer net well Frankräich Palästina géif unerkennen, dass Lëtzebuerg automatesch och eng Unerkennung mécht, sot de Minister. Lëtzebuerg hat jo am Virfeld annoncéiert, dass gewësse Konditioune fir eng Unerkennung vu Palästina missten erfëllt sinn.
Handicap International: Humanitär Hëllef a Gaza aktuell eng "Drëps op e waarme Steen"
Déi humanitär Hëllef muss e kompletten Zougank an d’Gazasträif hunn an all d’Grenziwwergäng mussen opgemaach ginn. Dat fuerdert Handicap International. Ee vun hire Leit, de Zaid Amali, ass aktuell zu Ramallah am Westjordanland. Hie sot am RTL-Interview, datt déi aktuell humanitär Hëllef, déi a Gaza eragelooss gëtt, "eng Drëps op de waarme Steen" wier.
Och wann Israel e Méindeg nees eng 200 Camionen a Gaza eragelooss huet, esou wier een nach wäit vun de 500 bis 600 Camionen, déi et virum Enn vun der Wafferou am Mäerz an der kompletter Blockad gouf, esou de Zaid Amali. An esouguer deemools waren d’Iessen, Waasser, Medikamenter an aner liewesnoutwenneg Saache schonn extrem knapp: "Ewéi Dir wësst, stinn d’Palästinenser an der Gazasträif elo kuerz virum Erhéngeren."
Déi puer "Airdrops", déi et och elo gouf - also Cargoen, déi vun ägypteschen a jordanesche Fligere mat Fallschiermer erofgelooss ginn - déi wieren dem Zaid Amali no och ze wéineg, ze deier an esouguer geféierlech. Hien erkläert, datt esou Airdrops "chaotesch" wieren: Leit wieren erdronk, ewéi se probéiert hunn, Hëllefsliwwerungen, déi an d’Mier gefall sinn, sichen ze goen. Donieft wier Cargo deels an Zone gelant, wou israeelesch Zaldote wieren.
De Gesondheetssystem a Gaza wier iwwerdeems komplett "kollabéiert". Déi Spideeler, déi net zerstéiert wieren, géingen op der Reserv fueren. Et géinge just nach "iwwerflächlech" Interventioune gemaach ginn. Dowéinst freet Handicap International net just en Enn vum Krich an en totalen Zougank vun humanitärer Hëllef, mee och datt Leit, déi dringend medezinesch Hëllef brauchen, evakuéiert kënne ginn.
Wat Handicap international fuerdert, fuerderen iwweregens och aner Hëllefsorganisatiounen an d’UNO-Agencen, déi fir humanitär Hëllef zoustänneg sinn.

29.07.2025: An der Gazasträif gëtt Iesse verdeelt, op enger Plaz, wou Accès zu Liewensmëttel schwéier ass. / © HASSAN JEDI / ANADOLU / Anadolu via AFP