Nodeems d'Police eng Läich am Westerwald fonnt hat, gouf gepréift, ob et sech ëm den zanter Méint gesichten Dräifachmäerder vu Weitefeld kéint handelen.

En Donneschdeg koum dunn d'Confirmatioun vun der Police: bei der Läich, déi net wäit vu Weitefeld fonnt gouf, handelt et sech ëm dee verdächtege Mann.

De 6. Abrëll war zu Weitefeld a Rheinland-Pfalz an der Géigend vum Westerwald eng Famill vun dräi Leit ermort ginn. Déi 44 Joer al Mamm konnt selwer nach den Noutruff wielen, ma wou d'Hëllef ukoum, ware souwuel si, wéi och hire 47 Joer ale Mann an hire 16 Joer ale Jong dout. D'Koppel war erstach an erschoss ginn, wärend de Bouf un enger Schossverletzung gestuerwe war.

De presuméierten Täter, den 61 Joer alen Alexander M. war duerno op der Flucht. Ronderëm d'Gebitt vum Westerwald war intensiv nom Mann gesicht ginn, et gouf beispillsweis eng Fluchverbuetszon fir Dronen installéiert. Säin Zoustand, ob hien nach um Liewe wier oder net, war zanter Méint onkloer. Géint hie gouf et een internationale Mandat d'arrêt.

Nodeems am Westerwald en Dënschdeg am Nomëtteg eng Läich entdeckt gouf, sollt eng Obduktioun Kloerheet schafen. Dat ass der Police no deemno elo geschitt, dat unhand vun engem Gebëss-Verglach an DNA-Analysen. Well d'Läich allerdéngs schonn e bësse méi laang den Elementer ausgesat war, wier déi genee Doudesursaach an den Doudeszäitpunkt net méi ze bestëmmen. Och ob et sech ëm ee Suicide handelt, oder ob e beispillsweis u Blessure vun der Dot gestuerwe wier, géif sech net méi soe loossen.

Doduerch, datt de gesichte Mann den eenzege Verdächtege war an d'Beiweislag géint hie staark ass, ginn d'Ermëttlungen am Fall vum Dräifachmord mat der Decouverte vun der Läich elo op een Enn.