Police sicht weiderhin nom Täter, Fluchverbuetszon fir Dronen ageriicht

© THOMAS FREY / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Honnerte Polizistinnen a Poliziste siche weiderhin nom Alexander Meisner, deen am Verdacht steet, de 6. Abrëll eng dräikäppeg Famill ermort ze hunn.
Wéi d'Police vu Koblenz matdeelt, ass fir eng Rei Gebidder och eng Fluchverbuetszon fir zivil Dronen ageriicht ginn, déi bis 20 Auer owes gëlle soll. Grouss Flächen a Bëschstécker goufen en Donneschdeg nom 61 Joer alen Alexander Meisner ofgesicht, dat mam Zil, "bis ewell virleienden Erkenntnisser systematesch nozegoen a weider Feststellunge fir d'Fanne vum Verdächtegen ze kréien", esou d'Police weider.
E Mëttwochowend war um ZDF d'Kriminalemissioun "Aktenzeichen XY" diffuséiert an an dëser den Dräifach-Mord thematiséiert ginn. Zanterhier si bei der Police ronn 1.000 Hiweiser vu potenziellen Zeien agaangen, déi den Täter wëlle gesinn hunn. Déi dobäi genannt Uerter ginn deelweis allerdéngs auserneen, d'Police préift dowéinst den Ament hir Glafwierdegkeet. Déi rezentst Sich nom Alexander Meisner en Donneschdegmoie soll der Police no näischt mat den Aktenzeichen-XY-Hiweiser ze dinn hunn.
D'Motiver vun der Dot si weiderhin onkloer. Bei den dräi Doudegen handelt et sech ëm eng Koppel vu 47 a 44 Joer, sou wéi hire 16 Joer ale Fils. Hir Läiche waren am fréie Moie vum 6. Abrëll an engem Haus zu Weitefeld fonnt ginn, do virdrun hat d'Mamm en Noutruff bei der Police ofginn. Si an de Papp hate Stéch- a Schosswonnen opgewisen, de Fils eng déidlech Schosswonn. D'Beamten haten, wéi si beim Haus ukoumen, eng Persoun flüchte gesinn, bei där et sech mat grousser Warscheinlechkeet ëm de presuméierten Täter gehandelt huet.
Den Alexander Meisner huet am Nopeschduerf gewunnt. D'Police warnt d'Bevëlkerung do virdrun, hien am Fall vun enger Begéinung unzeschwätzen. Säi psycheschen Zoustand ass onkloer, hie gëllt awer als geféierlech an ass méiglecherweis arméiert. D’Enquêteuren hunn entretemps och eng Belounung vun 10.000 Euro op Hiweiser ausgesat, déi zur Festnam vum Verdächtege féiere kéinten. Wéi verschidde Medie mellen, soll hien Deeg virun der Dot urgent e Reespass ugefrot hunn. Och war hien an de soziale Reseauen aktiv, wou en deelweis bizar Inhalter verëffentlecht huet.

D'Police vu Koblenz huet dës Foto vum presuméierten Täter Alexander Meisner verëffentlecht / © Kriminaldirektion Koblenz