International an National Kritik un israeelesche Pläng, fir Gaza anzehuelen

© AFP
Den Israeelesche Premier Netanjahu huet annoncéiert, d’Kämpf am Palestinensergebitt ze verschäerfen an auszebreeden, fir esou Gaza-Stad anzehuelen.
Den Israeelesche Premier Netanjahu huet annoncéiert, d’Kämpf am Palästinensergebitt ze verschäerfen an auszebreeden, an domat och Gaza City wëllen anzehuelen. Den israeelesche Sécherheetscabinet huet dës Decisioun en Donneschdeg guttgeheescht. Den Netanjahu huet erkläert, datt et säin Zil wier, all d’Geiselen ze befreien, Gaza ze demilitariséieren, an d’Kontroll vun der Hamas an der Gazasträif definitiv ze stoppen. Zu Tel Aviv sinn dës Woch scho vill Leit op d’Strooss gaangen, fir géint d’Intensivéierung vun de Militäroperatiounen ze demonstréieren, d’Liewe vun de Geisele géifen nämlech op d’Spill gesat ginn. Och national an international politesch Reaktioune si skeptesch.
Estimatiounen no hätt d'Hamas nach 50 Geiselen, dovunner wieren der nach eng 20 um Liewen. Déi missten elo fräi kommen, a Gaza misst komplett demilitariséiert ginn, esou den israeelesche Premier Netanjahu . D'Hamas huet iwwerdeems schonn ugekënnegt, datt Israel mat schwéiere Konsequenze misst rechnen, wann déi Pläng esou duerchgezu géife ginn.
Net nëmmen an Israel stéisst dës Annonce op Widderstand: De brittesche Premier Starmer huet beispillsweis erkläert, datt dës Strategie just zu méi Affer an net zu der Befreiung vun de Geisele feiert. Och zu Lëtzebuerg ginn et Reaktiounen: Den DP-Deputéierten a President vun der Aussepolitescher Kommissioun Gusty Graas schwätzt vun enger Decisioun, déi d'Leed an der Regioun just méi grouss maache wäert:
"Ech hätt léiwer gehat, si hätten dovunner ofgesinn. Well warscheinlech elo d’militäresch Ugrëff wäerten nach verstäerkt ginn. D’Leed wäert nach vergréissert ginn. An et kann een nëmmen hoffen, datt déi Decisioun elo net direkt ëmgesat gëtt, an datt den internationalen Drock wäert esou héich sinn, datt vläicht awer sech iwwerluecht gëtt, dat doten net duerchzezéien."
Och den David Wagner vun déi Lénk seet, datt dës Annonce vun der israeelescher Regierung net d’Enn vun de Kämpf géing bedeiten, dat well d’Palästinenser weiderhi fir hiert Land wäerte kämpfen. Deemno géif dem Netanjahu seng Annonce weider näischt maachen, wéi "Blutt verschëdden" an de Konflikt weider an d’Längt zeien. D’Responsabilitéit gesäit hien awer och bei der Internationaler Communautéit:
"All déi westlech Leaderen, déi d’Méiglechkeet haten, hire Méiglechkeeten entspriechend ze handelen, an net gehandelt hunn, déi si matschëlleg. Dat muss ee ganz kloer soen. Et besteet eng grouss Schold natierlech zu Washington, och zu Paräis, zu Berlin, zu London an op eng gewësse Manéier och zu Lëtzebuerg, och wa mir net alles kënne maachen, mee mir hunn och e bësse nogekuckt."
Och déi humanitär Situatioun géif riskéieren, nach méi katastrophal ze ginn, wéi se elo schonn ass.