Däitschland stoppt Liwwerung vu Waffen, "déi kënnen a Gaza agesat ginn"

© Photo by AMREI SCHULZ / Photothek Media Lab / dpa Picture-Alliance via AFP
Däitschland huet als Reaktioun op déi geplangte militäresch Eskalatioun vun Israel an der Gazasträif en deelweisen Exportstopp vu Waffen decidéiert.
Israel plangt de Krich an der Gazasträif trotz internationaler Kritik ze verschäerfen. Däitschland reagéiert elo dorobber: Rüstungsexporter, déi an der Gazasträif "kéinten an den Asaz kommen", gi bis op Weideres gestoppt, wéi de Bundeskanzler Friedrich Merz e Freideg op X geschriwwen huet.
Israel hätt d'Recht, sech géint d'Hamas ze verdeedegen, sou de Merz. Mee mat der méi haarder militärescher Approche vun der Arméi, wier manner ze gesinn, wéi een d'Ziler kéint erreechen – zum Beispill d'Hamas ze entmilitariséieren oder déi verbliwwe Geiselen ze befreien. Mat der geplangter Offensiv géif d'Verantwortung vun der israeelescher Regierung fir d'Versuergung vun der Zivilpopulatioun nach weider an d'Luucht goen.
Däitschland géif sech grouss Suerge maachen iwwer d'Leed vun de Leit an der Gazasträif, sou och de Vizekanzler Lars Klingbeil vun der SPD.
Och de brittesche Premierminister Keir Starmer huet e Freideg Israel gefrot, d'Pläng fir d'Iwwerhuele vun der Stad Gaza nach eng Kéier ze iwwerdenken, an huet dës Aktioun als "falsch" bezeechent. "Dës Aktioun dréit weder dozou bäi, de Konflikt op en Enn ze bréngen, nach hëlleft se bei der Fräiloossung vun de Geiselen", sot hien a warnt, dass et "nëmme nach méi Bluttvergéisse" géif mat sech bréngen.