Kritesch Stëmmen an Israel ginn ëmmer méi haart
Zanter dem brutalen Iwwerfäll vun der Hamas op Israel mat bal 1.200 Doudegen, féiert déi israeelesch Arméi e bluddege Krich an der Gazasträif.
Déi humanitär Situatioun do ass katastrophal, Bommenattacken an d'Hongersnout hu palästinenseschen Zuelen no iwwer 60.000 Leit d’Liewe kascht. An der Nuecht op e Freideg huet den israeelesche Premier Netanjahu annoncéiert, d’Kämpf ze intensivéieren. Op internationalem Plang gëtt déi Decisioun vu ville Säite schaarf kritiséiert. Ma och an Israel selwer ginn d’Stëmme vun de Kritiker ëmmer méi haart.
Sollten déi militäresch Operatiounen ausgebreet ginn, misst sech Israel op schwéier Konsequenze preparéieren. Esou huet d’Terrororganisatioun Hamas op déi rezent Annonce vun der israeelescher Regierung reagéiert. An Israel gëtt dowéinst zanter der leschter Woch ëmmer méi haart géint eng Verschäerfung vum Konflikt protestéiert: D'Liewe vun de Geisele stéing um Spill an et bräicht een en Enn vum Krich. Ëmmer méi Ëmfroe weisen, datt eng Majoritéit vun den israeelesche Bierger an och Famillje vun de Geiselen dofir sinn, datt déi israeelesch Regierung de Krich stoppt.
Kritesch Stëmme kommen och ëmmer méi aus der Arméi selwer: De Chef vun der Arméi, de Generol Eyal Zamir, huet de Premier ëffentlech virun enger Ausweidung vun de Militäroperatioune gewarnt. Eng breet ausgeluechten Offensiv géif nämlech fir déi meeschte Geisele mat grousser Warscheinlechkeet déidlech ausgoen. Dobäi kënnt, datt ëmmer méi Zaldote gebraucht ginn, der awer ëmmer manner an den Déngscht wëllen oder kënnen.
Trotz dëse Warnungen huet den israeelesche Sécherheetscabinet der Regierung hir Pläng guttgeheescht, mat deenen ee sech d'Zil gëtt, fir Gaza komplett anzehuelen. Politesch Observateure gi mëttlerweil dovunner aus, datt dem Premierminister seng Motivatioun fir de Krich och innepolitesch Grënn kann hunn: Dem Netanjahu seng rietsextrem Koalitiounspartner refuséieren eng Zwee-Staate-Léisung a fuerdere scho méi laang, datt Gaza ganz vun der israeelescher Arméi soll besat ginn. En Enn vum Krich kéint och d'Enn vun der Koalitioun an domat vun der Regierung Netanjahu bedeiten.
An engem Interview mat Fox News huet den Netanjahu erkläert, datt ee Gaza wéilt komplett de-militariséieren, mee net regéieren. D'Regierungsaktivitéite sollen un "arabesch Forcen" zréckgi ginn. Wéi dat genee soll ausgesinn, huet den Israeelesche Premier net erkläert.