Dem US-Nato-Ambassadeur Matthew Whitaker no ass et méiglech, datt den ukrainesche President bei der Entrevue tëscht Trump a Putin dobäi kéint sinn.

"Jo, ech denken, datt dat sécherlech méiglech ass", huet den US-Ambassadeur bei der Nato, de Matthew Whitaker, e Sonndeg dem US-Sender CNN op eng entspriechend Fro geäntwert. D'Decisioun iwwer eng Participatioun beim Treffen am Bundesstaat Alaska misst awer vum Trump geholl ginn.

"Wann hie mengt, et wier de beschten Zenario, de Selenskyj anzelueden, da wäert hien et maachen", sot de Whitaker. Bis ewell dozou awer nach "keng Entscheedung" getraff ginn. "Et ka sécherlech keen Deal ginn, mat deem net jiddereen averstanen ass."

Den US-President a säi russeschen Homolog treffe sech e Freideg an Alaska, fir iwwer den Ukrain-Krich ze beroden. Gefaart gëtt awer, datt béid Presidenten en Accord treffe kéinten, deen defavorabel fir d'Ukrain ass. Den Donald Trump hat sou schonn en Austausch vu Gebidder tëscht Russland an der Ukrain an d'Spill bruecht - eng Propos, déi de Selenskyj kategoresch ausschléisst.

D'EU an d'EU-Staate fuerderen, datt souwuel d'Ukrain wéi och déi europäesch Länner an d'Gespréicher iwwer eng méiglech Friddensléisung abezu ginn.