Déck Hëtzt a grouss Bränn
De ganze Kontinent leit ënnert enger Canicule. Op ville Plaze brennt de Bësch, an dausende Leit hu scho mussen evakuéiert ginn.
Direkt op e puer Dose Plaze brennt de Bësch a Spuenien. Keng 30 Kilometer nordwestlech vun der Haaptstad Madrid ass dobäi e Mann ëm d'Liewe komm. Fir hie war den Appell fir d'Evakuatioun ze spéit komm. Dausende Leit hu wéinst de Flamen hiert Doheem musse verloossen. Donieft si verschidden Touristendestinatioune betraff. Am Nopeschland Portugal gëtt och zanter Deeg géint d'Flame gekämpft. Bei Temperature bis 44°C eng quasi onméiglech Aufgab.
Och a Frankräich leiden d'Leit ënnert der grousser Hëtzt. A 14 Departementer am Südwesten an am Centre-Est ass "vigilance rouge" ausgeruff ginn. Wéi eng Glack läit dat waarmt Wieder iwwert dem Kontinent a menacéiert besonnesch de mediterrane Raum. 14 Groussstied an Italien, dorënner Roum, Mailand an Turin, hunn eng "Alerte rouge" erausginn, an och de Balkan bleift net verschount. Albanien mellt 14 aktiv Bëschbränn. Grouss Hëtzt och a Montenegro an a Kroatien, am Kosovo gouf am Juli mat 42,4°C dee wäermsten Dag an der Geschicht vum Land gemooss.
Souguer Groussbritannien huet mat de klimateschen Extreemer ze kämpfen. Am ganze Land gëtt et net méi genuch Drénkwaasser, an déi Penurie ass entretemps zur nationaler Importenz ginn. Déi sechs éischte Méint vum Joer wieren déi dréchensten zanter 1976 gewiescht, heescht et vum britteschen Ëmweltministère.
Lëtzebuerg bleift dann och net verschount. Alerte Jaune um Dënschdeg, fir e Mëttwoch ass am Süde vum Land d'Alerte Orange ausgeruff.