Drock op BBC wiisst - Trump dréit mat Klo iwwer eng Milliard Dollar
D'BBC huet sech jo scho beim US-President entschëllegt a verschidde héichrangeg Persoune si bei der British Broadcasting Corporation zeréckgetrueden.
An trotzdeem wiisst den Drock op déi bekannt brittesch Tëleeschaîne weider. E Spriecher vum Sender huet e Méindeg annoncéiert, d'BBC géif d'Bréiwer vum Donald Trump préiwen an dann "direkt äntweren". Medien no huet den US-President der BBC mat enger Plainte gedréit. Virdrun hat de BBC-President Samir Shah sech fir déi "ierféierend Dokumentatioun" entschëllegt.
Affekoten no soll den Donald Trump ronn eng Milliard Dollar Dedommagement froen. Am Bréif, deen d'BBC krut an deen der AFP virläit, schreiwen dem Trump seng Affekote vu "béiswëlleger" Beaarbechtung, déi op Verleumdung erausleeft, vun der Ried vum US-President de 6. Januar 2021. Weider heescht et, datt een der BBC bis e Freideg Zäit gëtt, d'Dokumentatioun zeréckzezéien, sech ze entschëllegen an den US-President fir de Schued, deen entstanen ass, "passend ze kompenséieren".
D'Doku "Trump: Eng zweet Chance" war eng Woch virun den US-Presidentiellen de 5. November 2024 diffuséiert ginn. An engem Bäitrag fir d'Sendung "Panorama" waren Ausschnëtter vun der Ried, déi den Trump de 6. Januar 2021, kuerz éier de Stuerm op d'Kapitol ugefaangen hat, gehalen hat, zesummegeschnidde ginn. Duerch dës Montage konnt een den Androck kréien, datt den Trump seng Supporter direkt opgefuerdert hätt, de Sëtz vum US-Kongress ze stiermen.
De BBC-President Shah huet eng "Feelaschätzung" vum brittesche Sender zouginn. D'Ausschnëtter vun der Ried wieren esou zesummegeschnidde ginn, datt den Androck vun engem "direkten Opruff" vum Trump entstane wieren, esou de Shah e Méindeg an engem Schreiwes vun déi zoustänneg Kommissioun am brittesche Parlament. "D'BBC wëll sech fir dës Feelaschätzung entschëllegen", esou ass nach am Bréif ze liesen.
E Sonndeg haten de Generaldirekter vun der BBC Tim Davie an d'Cheffin vun den Noriichte beim Sender Deborah Turness no d'Kritik vun der ierféierender Beaarbechtung vun der Trump-Ried hire Récktrëtt annoncéiert. Den "Daily Telegraph" hat virdru gemellt, datt en externe Beroder vum Gremium fir redaktionell Standarde bei der BBC eng éischte Kéier dëse Summer seng Bedenken zum Zesummeschnëtt geäussert hat.
E Méindeg huet d'Turness de Sender géint d'Kritik verdeedegt. "BBC News ass net institutionell virageholl", sot déi bis ewell Cheffin vu BBC News virum Haaptsëtz vum Sender zu London. "Dowéinst ass et och de vertrauenswierdegsten Noriichten-Ubidder op der Welt".
Déi brittesch Kulturministesch Lisa Nandy hat de Virworf ëm d'Fernsee-Doku als "äusserst gravéierend" bezeechent. De Premierminister Keir Starmer hat e Méindeg seng Ënnerstëtzung fir eng "staark an onofhängeg BBC" geäussert. Am "Zäitalter vun Desinformatioun" spillt d'BBC eng wichteg Roll. Eng zouverlässeg an onparteiesch Offer un Noriichte wier dowéinst méi wichteg wéi jeemools, esou e Spriecher vum Regierungschef. Fir d'Vertrauen an d'BBC ze sécheren, wier et wichteg, Feeler "séier" ze korrigéieren.
Wéinst senger Roll beim Stuerm op d'Kapitol gouf den Trump am Joer 2023 ënner anerem wéinst Verschwierung, fir eng offiziell Amtshandlung ze verhënneren, esou wéi dem Bedruch un de Vereenegte Staaten ugeklot. Nom Trump senger Victoire de 4. November 2024 huet d'US-Justiz sech gezwonge gesinn, d'Poursuitte vun dëser Strof géint de Rietspopulist anzestellen.