
D’US-Journalistin Shelly Kittleson ass dem US-Ausseminister Marco Rubio no nees fräi. “Mir sinn erliichtert, datt dës US-Biergerin elo fräi ass, a schaffen dorun, hir sécher Ausrees aus dem Irak z’ënnerstëtzen”, huet de Rubio en Dënschdeg matgedeelt. Virdrun haten déi presuméiert Entféierer vun der aflossräicher paramilitärescher Miliz Katajeb Hisbollah hir Fräiloossung annoncéiert.
D’Miliz hat virdru matgedeelt, si hätt mat Bléck op “d’Haltung vum Ministerpresident decidéiert, déi Ugeklote Shelly Kittleson fräizeloossen”. Konditioun dofir wier, datt si den Irak direkt verléisst, heescht et an enger kuerzer Matdeelung vum Sécherheetsbeoptraagte vun der Miliz, dem Abu Mudschahid al-Assaf.
D’Kittleson war den 31. Mäerz an der irakescher Haaptstad Bagdad entfouert ginn. Der Stëftung International Women’s Media no ass si eng “seriéis Journalistin” mat Erfarung am Noen Osten, déi zu Roum lieft.
D’US-Regierung hat US-Bierger fir d’lescht virun de wuessende Risken am Irak gewarnt, wou den Iran Afloss op eng Rei arméiert schiitesch Gruppen huet.
Den Irak hat erkläert, datt d’Land net an de Krich vun den USA an Israel géint den Iran eragezu wéilt ginn. E Mëttwoch hu Washington an Teheran kuerz virum Oflaf vum Ultimatum aus den USA enger Wafferou vun zwou Wochen zougestëmmt. Den Iran huet sech am Géigenzuch bereet erkläert, de Mierespassage Hormus fir zwou Wochen nees opzemaachen. De Waffestëllstand gëllt dem Pakistan no, deen als Vermëttler fungéiert, am ganzen Noen Osten.
Liest dozou och: