Nasa deelt matArtemis-Crew ass "op hallwer Streck" Richtung Mound

AFP, iwwersat vun RTL
Bei der Missioun, déi 10 Deeg dauere soll, ass jo geplangt, de Mound komplett ze ëmfléien.
Hei gesäit een d'Crew an der Kapsel vun der Artemis 2.
Hei gesäit een d’Crew an der Kapsel vun der Artemis 2.
© NASA/AFP

D’Astronaute vun der Mound-Missioun Artemis 2 hunn d’Hallschent vun hirer Rees a Richtung Mound hannert sech. “Mir sinn op hallwer Streck”, erkläert d’US-Weltraumagence Nasa e Freideg den Owend. D’Orion-Kapsel ass domadder schonn iwwer 219.000 Kilometer vun der Äerd ewech.

An der Nuecht op e Freideg hat d’Rakéit mat de véier Astronaute Jeremy Hansen, Christina Koch, Reid Wiseman a Victor Glover u Bord d’Äerdëmlafbunn verlooss.

Bei der Missioun, déi 10 Deeg dauere soll, ass geplangt, de Mound komplett ze ëmfléien, eng Moundlandung ass net Deel vun der Artemis 2. D’Nasa huet eng Landung um Mound fir d’Joer 2028 geplangt. D’Artemis 2-Missioun soll genee dofir d’Viraussetzunge schafen.

Back to Top
CIM LOGO