Protester a FrankräichÉischt Ausgangsspären annoncéiert fir Deeler vu Paräis, fir Nice a Lyon vun den Owend bis muer de moie 6 Auer

Ryck Thill
No engem Weekend mat vill Gewalt gräift déi franséisch Regierung zu neie Sécherheetsmesuren.
Protester a Frankräich
Regierung annoncéiert lokal Ausgangsspären a versprécht Hëllef fir betraffe Betriber.

Tëscht 23 Auer um Méindegowend a 6 Auer en Dënschdegmoien ass "strictement toute présence" an de Beräicher vun der Place de la République an dem Secteur des Halles verbuede ginn, dat heescht net just fir Mineuren, mee fir jiddwereen.

D'Sécherheet géing des Mesurë néideg maachen, fir de Fridden nees ze retabléieren, dee vun enger Minoritéit mëssuecht gi wier, sou déi Paräisser Police. Scho vun 20 Auer un dierf een an deene Beräicher, an deenen déi rezentsten Ausschreidunge besonnesch uerg waren, net méi virun d'Dier goen.

Zu Lyon ass scho vun 21 Auer un e Couvre-feu ausgeruff ginn. Zu Lille fänkt d'Ausgangsspär um 20 Auer un. Dem Premierminister Sébastien Lecornu no sollen domat a Frankräich d'Geschäfter virun Zerstéierung an Abréch geschützt ginn.

© FIORA GARENZI/Hans Lucas via AFP

Reaktioune no weiderem Weekend mat Gewalt an de Stroossen

Op d'mannst 3.000 Geschäfter goufe beschiedegt oder geplëmmt. Gläichzäiteg wiisst de politeschen Drock. En Enn vun de Protester ass net a Siicht.

No de Protester de Weekend iwwer a Frankräich hat de Premierminister Sébastien Lecornu fir e Méindeg den Owend lokal begrenzt Ausgangsspären annoncéiert. E landeswäiten Ausnamezoustand schléisst hien den Ament aus, hält sech déi Méiglechkeet awer op. Bei enger Krisereunioun huet d'Regierung iwwer weider Mesurë beroden, fir d'Gewalt an de Grëff ze kréien.

D'Ausmooss vun den Zerstéierunge gëtt mëttlerweil ëmmer méi däitlech. Op d'mannst 3.000 Geschäfter goufen de Weekend a Frankräich beschiedegt oder geplëmmt. Zu Paräis, Marseille an anere Stied goufe Vitrinnen ageschloen, Butteker verwüüst a Wuere geklaut.

D'Regierung huet de betraffene Betriber séier finanziell Hëllef versprach. Si sollen op Kuerzaarbecht zeréckgräife kënnen, mat voller finanzieller Ofsécherung. Donieft soll e spezielle Fong geschafe ginn, fir d'Betriber z'ënnerstëtzen.

Och bei de Police sollen et Konsequenze ginn. Op ville Plaze waren d'Beamten de Weekend iwwerfuerdert. Den Inneminister Laurent Nuñez wollt dowéinst souguer zerécktrieden. De President Emmanuel Macron huet seng Demissioun awer refuséiert. Den Nuñez soll elo d'Strategie vun der Police iwwerschaffen an zousätzlech Beamte mobiliséieren.

Sechs Méint virun de Presidentschaftswale gëtt d'Kris och ëmmer méi zu engem politeschen Thema. D'Marine Le Pen schwätzt vun enger Menace fir d'Demokratie a reprochéiert der Regierung, d'Kontroll iwwer d'Land verluer ze hunn.

De Politikwëssenschaftler Bruno Cautrès gesäit an der aktueller Situatioun eng besonnesch Bedeitung fir déi nächst Presidentschaftswalen. D'Era Macron géif op en Enn goen, an am Fong hätt kee vun de méigleche Kandidate wierklech e Bilan virzeweisen.

En Enn vun de Protester ass iwwerdeems net a Siicht. E Méindeg de Moien hu Studenten zu Paräis den Zougang zum Louvre blockéiert, fir sech mat de Schüler solidaresch ze weisen. Fir e Samschdeg sinn nei Manifestatiounen annoncéiert.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO