
D’Welt vu muer géing deene gehéieren, déi innovéieren. Dat war ee vun de Message vum Ekonomie-Nobel-Präisdréier Philip Aghion um Marché International des Professionnels de l’immobilier (MIPIM) 2026 zu Cannes. E Message, dee besonnesch mat Bléck op de Logement, schwéier weit. Gouf dësen dach vun de Vereenten Natiounen als international Kris bezeechent. Ma e puer Stied hunn net gewaart, fir an d’Transformatioun vun hirem Wunn- an domat och vun hirem ekonomesche Modell ze investéieren.
Déi finnesch Stad Turku mat hiren 210.000 Awunner erlieft den Ament eng Rei vu grondleeënde Verännerungen. Dës sinn d’Resultat vu massiven Investissementer an d’Energietransitioun, d’Industrie an d’Bildung, déi elo Friichten droen: Déi eelste finnesch Stad weist mat hiren 800 Joer eng staark ekonomesch an demographesch Entwécklung op. Si ass esouguer um beschte Wee, fir bannent den nächsten dräi Joer komplett klimaneutral ze ginn.
Anescht wéi vill aner Stied huet Turku net gewaart: schonn an de 1990er Jore gouf an d’Erneierbar Energien, d’Bildung, den ëffentlechen Transport an d’Transformatioun vun der Industrie investéiert. Haut profitéiert d’Stad dovunner: D’Investissementer hunn Turku zu engem attraktive Standuert fir Entreprisen an Investisseure gemaach, mä net nëmme fir déi.
“Zu Turku lieft et sech gutt”, seet d’Buergermeeschtesch Piia Elo, déi RTL am Kader vum MIPIM zu Cannes en Interview ginn huet. Déi dynamesch Atmosphär zitt d’Leit un: all Joer komme ronn 4.000 nei Awunner dobäi. Haut zielt d‘Stad ronn 210.000 Awunner, dorënner knapps 50.000 Studente. “Et ass eng ganz lieweg Stad, et gëtt vill gefeiert ", esou d’Buergermeeschtesch.
Dass d’Stad haut esou attraktiv ass, verdankt si virun allem hirer laangfristeger Strategie. Scho fréi gouf zu Turku op e System gesat, fir d’Stéit mat Reschtwäermt ze hëtzen an et gouf och net gezéckt, fir Industriezonen vu Grond op nei ze denken an ze plangen. Besonnesch erfollegräich ass d’Revitaliséierung vum Science Park, wou haut iwwer 400 Entreprisen vertrueden, a méi wéi 26.000 Aarbechtsplaze entstane sinn. Ma et soll hei net bei enger renger Industriezon bleiwen, wéi d’Buergermeeschtesch erkläert: “Mir féieren hei e Regeneratiounsprojet duerch. Mir sinn dobäi, dëse Quartier an eng gemëscht Zon ëmzewandelen, déi souwuel Büroen ewéi och Wunnengen enthält. Hei leien och eis Universitéitscampussen – also, et ass wierklech e liewege Quartier.”
Dass dës Strategie erfollegräich ass, weisen déi 16.000 Leit, déi antëscht hei wunnen.

Ma zu Turku hu sech och grouss Entreprisen néiergelooss, dorënner de Pharmakonzern Bayer an de Croisière-Schëffbauer Meyer. D’Fro, wéi d’Stad esou Risen dozou bruecht huet, sech zum Zil vun der Klimaneutralitéit ze verflichten, mécht d’Buergermeeschtesch bal perplex: “Mir mussen näischt imposéieren. Fir si ass et eng Éier, Deel vun eisem Projet ze sinn. Et ass och e Beweis vun hirer Kompetitivitéit, net ze Schwätze vum Marketing-Virdeel, dee si doduerch kréien. Mir schaffen zesummen.”

De Message vun der Zesummenaarbecht mam Privatsecteur gouf och um Lëtzebuerger Pavillon op der MIPIM ëmmer nees widderholl. Wann et drëms geet, abordabele Logement ze schafen, recommandéieren Immobilienexperten ëmmer méi, op Partnerschaften tëscht ëffentlechen a privaten Acteuren ze setzen.
De Logement ass d’ailleurs ee vun den Haaptgrënn, firwat d’Piia Elo an hir Delegatioun op der MIPIM present waren. De staarke Wuesstem vun Turku kéint an Zukunft nei Erausfuerderunge mat sech bréngen: “De Wunnengsmaart ass nach kee Problem, mä e kéint ee ginn. Dowéinst si mir hei op der MIPIM. Mir musse méi nohalteg Logementer bauen. Mir besëtzen Terrainen a mir hu Plaz, fir weider ze wuessen. Alles, wat eis nach feelt, si Bauträger an Investisseuren.”

D’Buergermeeschtesch hält dru fest, dass een anstänneg an nohalteg misst bauen. Dëst schonn eleng, fir d’Ziler a Saache Klimaneutralitéit pünktlech zum 800. Jubiläum vun der Stad ze erreechen: “2029 feiere mir dat 800. Joer vun eiser Geschicht, an et läit eis um Häerz, dat ze feieren, wärend mir gläichzäiteg d’Klimaneutralitéit erreechen. Dat ass eppes, wat mir den nächste Generatioune mat wëllen op de Wee ginn.”
Bis dohin gëtt zu Turku weider an den ëffentlechen Transport an an d’Bildung investéiert. Aktuell ginn nei Schoulen a Crèchen an eng nei Tramslinn gebaut. “D’Educatioun ass ganz wichteg. Mir investéiere permanent an eis Kanner”, erkläert d’Piia Elo.
Et deit iwwerdeems villes drop hin, dass d’Investissementer a Bildung an ëffentlech Strukturen mat dozou bäidroen, dass Finnland dem World Hapiness Report no dat glécklechst Land op der Welt ass.
Eppes wat Turku nach besonnesch mécht, ass iwwerdeems, dass d’Stad exklusiv vu Frae geleet gëtt. Esouguer op den Universitéite wieren all déi wichteg Poste vu Frae besat seet d’Buergeemeeschtesch. Wéi et dozou komm ass, kéint si sech selwer net erklären. An och d’Recherchen am Sience Center fokusséiere sech virun allem op d’Gesondheet vun der Fra. “Dat war nach ni vidrun de Fall, et gouf Zäit, dass een de Fokus dorop leet”, sou d’Conclusioun vun der Buergermeeschtesch.