Si kéim op ronn 45 Prozent. Eng däitlech Avance also elo fir de Macron. Ma beim leschte Sondage virum zweeten Tour bei de Walen 2017 waren et 26 Prozentpunkten Differenz tëscht deenen zwee.
Et gëtt also knapps.
Haut hunn d‘Fransousen nach eng Kéier Zäit, a sech ze goen a sech hire Choix gutt z‘iwwerleeën. Den Dag virun de Walen däerfen d‘Kandidaten net méi optrieden a Resultater vu Sondagen ginn och net méi publizéiert.
De Pierre Jans hëlt eis elo mat op Paräis, wou hien bei den Awunner nogefrot huet, wien si sech am Elysée wënschen: Emmanuel Macron oder Marine Le Pen?
An engem anere Quartier vu Paräis oder iwwerhaapt an enger aner Stad a Frankräich hätt ech bestëmmt en anert Resultat kritt. De westlechen Viruert Neuilly-sur-Seine ass awer eng vun de bessere Géigenden.
Bei de Lokalen, ob Awunner, Geschäftsleit oder Salariéen, gëtt et eng kloer Tendenz. An déi ass: den Emmanuel Macron bleift am Elysée.
Esou eesäiteg ewéi d‘Prognos sinn d‘Begrënnungen net méi.
D‘Marine Le Pen wëll een hei net. Bedéngungslose Support fir den Emmanuel Macron kléngt awer och anescht. Hie wär déi besser vun zwou schlechten Alternativen, seet e schicken eelere Mann. Eng jonk Fra betount, de Macron hätt an der Aussepolitik Geschéck bewisen.
Vermëttler am Ukrainkrich: an der Roll huet den Macron sech profiléiert an bei Leit, déi de Konflikt interesséiert ass dat gutt ukomm.
Anerer hätten awer léiwer, wann den nächste President méi mam Kapp a Frankräich wär. En Taxichauffer beklot sech, dass en ëmmer manner iwwer d‘Ronne kéim, zanter dass den Macron President gouf. Hie géif beim zweeten Tour net méi wielen goen. Warscheinlech war de Jean-Luc Mélenchon säi Favorit. Deen hofft jo bei de Legislativen staark gewielt ze ginn fir da Premier vun der Gauche an enger Regierung Macron ze ginn.
Um Montmartre ukomm, loosse mir den Karikaturist Salim Sekkat den Emmanuel Macron molen.
Et ass de President als „Hütchenspieler“ wéi een op däitsch seet. An hie zitt dee richtegen Hittchen um Bild. De Salim, marokkaneschen Immigrant an zanter 30 Joer Moler well en d‘Flemm mat de Sciences politiques hat, wäert de Macron wielen. Well en – wéi hie seet - „fräi“ wëll sinn.
RTL-Artikel: Virum Showdown: Franséisch Presidentiellen: Wéi ass d’Stëmmung ënnert de Leit zu Lëtzebuerg?
RTL-Artikel: Franséisch Presidentiellen: “Vill Studente fille sech net verstanen”