
D’Blockad bleift awer bestoen. Den Donald Trump wëll awer e gudde Wëlle vum Iran erkennen, well e puer Pëtrolstankeren duerchgelooss goufen a schwätzt och vu “ganz gudde” Gespréicher. An de Soziale Medie wéi X an Truth Socal heescht et an deem Kontext, datt den US-President d’Attacken deemno bis de 6. Abrëll um 20 Auer net weiderféiere wäert.
Den Iran hätt eng Verlängerung vum Ultimatum gefrot, de “Wall Street Journal” widdersprécht dëser Behaaptung allerdéngs. Teheran huet bis ewell och direkt Gespréicher mat den USA ofgestridden. Den éischten Ultimatum vun 48 Stonne war jo schonn an der Nuecht op en Dënschdeg ausgelaf.
Iwwerdeems plangt de Pentagon Medieberichter no, 10.000 zousätzlech Buedemtruppen an den Noen Osten ze schécken. Dëst soll nächst Woch definitiv decidéiert ginn.
D’Golfstaaten hu wärenddeem déi iranesch Attacken op arabesch Länner um Golf staark kritiséiert. Rout Linne wären iwwerschratt ginn an d’Verhale vum Iran géif déi ganz Regioun destabiliséieren. Am aktuelle Krich hätt den Iran 85% vu senge Rakéiten op d’Golfstaate geschoss. D’Staaten hätten decidéiert, fir net ze reagéieren, fir datt de Konflikt net nach weider eskaléiert.