Um éischten Dag vum Etat de Crise waren nach emol manner Leit wéi déi Deeg virdrun an der Haaptstad ënnerwee.

Dat huet de François Aulner, deen e Mëttwoch de ganze Moien an der Haaptstad ënnerwee war, festgestallt.

D’Haaptstad am Ausnamezoustand / Interventioun François Aulner

Déi meescht Geschäfter sinn zou an déi allermeescht Chantiere gestoppt, mä et gi jo Ausnamen: Liewensmëttelgeschäfter, Apdikten, Zeitungsgeschäfter zum Beispill sinn nach op. Dat bréngt mat sech, datt natierlech och awer puer Leit ënnerwee ware fir an déi Geschäfter. Donieft däerfe Leit nach ënner Konditioune spadséieren an där waren der och wéinst dem Wieder vill ënnerwee. Och vill Busser sinn nach gefuer wou puer Leit drasouzen, mä awer och vill Liwwerween a Gefierer vun de Fleegehaiser. Um Terrain waren och natierlech Polizisten, déi och Kontrolle gemaach hunn. Vun hinnen an och vun der Regierung ass et den Appell weiderhin „Bleift doheem“. A wann een d’Konditiounen erfëllt, fir awer dobaussen ze sinn, trotzdeem sou séier wéi méiglech rëm heem ze goen.

© François Aulner

Op Säite vun de Betriber ass och alles anescht wéi soss. Déi di däerfen ophunn, hunn Upassunge gemaach wéi beispillsweis d’Zuel vu Leit, déi mateneen däerfen dobanne sinn, ass limitéiert. D’Responsabel vun enger Bäckerei op der Gare an der Stad huet awer erkläert, datt d’Zuel vu Clienten drastesch gefall ass – vu 500 an engem Moien op ronn 100. Den Ëmsaz ass entspriechend méi kleng. Ee Geschäftsmann, deen zouhuet, a Clausen sot sengersäits hie géing profitéieren, fir alles ze botzen. Mä genee wéi d’Bäckerei op der Gare mécht hie sech extrem Suergen ëm d'Iwwerliewe vu sengem Commerce. Fir si ass et de Rappell: et gi Méiglechkeeten, fir Hëllef ze kréie vum Wirtschaftsministère oder nach vun der Chambre de Commerce.

Zanter en Donneschdeg de Moie gëtt et och vun der Regierung eng Méiglechkeet, wou vulnerabel Leit, eeler Leit an och Leit ënner Quarantän kënne Produite bestellen.

Kloer ass awer, d’Land ass an engem Etat de Crise, a wann de Coronavirus da bis net méi eng Menace wier, da steet fir vill eng aner Crise virun der Dier an de Redemarrage vun der Gesellschaft kënnegt sech ganz haart un.

© François Aulner