Am Conseil goung et um Méindeg nieft der Fouer och ëm Hëllef fir d'Stater Geschäftsleit.

Et louchen zwou Motiounen um Dësch, an deene gefuerdert gouf, datt ee misst kucken, wat d'Gemeng maache kann, fir de Geschäftsleit weider ze hëllefen.

Stater Gemengerot / E Reportage vum Dany Rasqué

Déi eng koum vun der Oppositioun, dat heescht vun déi Gréng, vun der LSAP an déi Lénk, déi aner vun der DP-CSV-Majoritéit.

Dem éischte Schäffe Serge Wilmes no hat d'Motioun vun der Oppositioun ee groussen Defizit. Se géif net drop hiweisen, wat d'Majoritéit schonn alles fir de Commerce gemaach hätt:

"Mir wëllen net, datt hei elo den Androck entsteet, mir hätten elo eréischt d'Wichtegkeet vum Commerce entdeckt. Et gëtt kee Schäfferot, deem dat méi um Häerz läit."

Déi liberal Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet virgeschloen, fir sech zesummenzesetzen, aus deenen zwou Motiounen eng ze maachen an dann no effikasse Léisunge fir de Commerce ze sichen. Moossnamen, déi och konform zu der nationaler an der europäescher Legislatioun musse sinn.

Domadder war de François Benoy vun déi Gréng averstanen:

"Dat ass eng Propose, mat där meng Fraktioun liewe kann. Ech wëll awer just präziséieren, dass souwuel d'Madamm Brömmel wéi ech selwer eng Rei Mesurë genannt hunn, déi mer unerkennen, dass de Schäfferot geholl huet."

De François Benoy hätt et och gär gesinn, wann de Schäfferot en Appell un d'Proprietäre vu Geschäftslokaler gemaach hätt, fir datt si den Ament op hire Loyer verzichten. Hie krut vun der Majoritéit geäntwert, datt esou eppes näischt géing bréngen.

Als Geschäftsmann huet den LSAP-Conseiller Gabriel Boisante dat hei ënnerstrach:

"Den Zweck vun engem Commerçant ass net, fir vun enger Aide ze liewen. Den Zweck vun engem Commerçant, vun engem Independant, vun deem Secteur, deen elo a Gefor ass, ass ganz einfach ze iwwerliewen."

Keng Schueberfouer

Em d'Iwwerliewe geet et och bei de Forainen. Et huet sech am Conseil confirméiert, datt dëst Joer keng Schueberfouer ass.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

"De Patrick Golschmidt huet Iech gesot, datt d'Schueberfouer doutsécher net esou wäert sinn, wéi mer dat bis elo gewinnt waren an datt mer mat de Forainen a mat eisem Service kucken, ob ee ka kleng Alternativen dezentraliséiert fannen."

Dat kéinten méi kleng Kiermessen ob verschiddene Plazen an der Stad sinn, mä e fäerdegt Konzept gëtt et do den Ament nach net.

De liberale Conseiller Claude Radoux sot, hie géing sech Suergen ëm d'Finanze maachen och ëm déi vun der Stad Lëtzebuerg.

Quitt, datt d'Stad eng Reserve vun enger Milliard Euro huet, musse wuel an Zukunft méi kleng Bréidercher gebak ginn, huet de Finanzschäffen Laurent Mosar confirméiert, deen drop higewisen huet, datt déi virsiichteg Finanzpolitik, déi et scho méi laang an der Stad gëtt, sech elo bezuelt mécht.