Commentaire vum François AulnerAvenue du Portugal

RTL Lëtzebuerg
An e bësse méi ewéi zwou Wochen, de 25. Abrëll, feiert Portugal de 50. Anniversaire vu senger "Œillets-Revolutioun".

De Commentaire vum François Aulner

De Militärputsch, bei deem kaum Blutt gefloss ass, an dee Portugal de Wee fräi gemaach huet, fir aus enger Diktatur eng Demokratie ze ginn. 4 Joer virdrun hat Lëtzebuerg schonn en Accord mat Portugal fonnt, fir datt portugisesch Aarbechter an de Grand-Duché kéinten awanderen. Am Commentaire vun en Dënschdeg héiere mer eng Libeserklärung vum Fränz Aulner.

Ronn 15% vun den Awunner hei am Land hunn d’portugisesch Nationalitéit. Geschaten 20% Lëtzebuerger hu portugisesch Originnen. All 6. Mënsch hei am Land - wann net méi – huet en direkte Lien mat Portugal. Wann ee mech freet, funktionéiert d’Zesummeliewe gutt, och wann et natierlech ëmmer Loft no Uewe gëtt. Beispill: D’Portugisen, déi sech de leschten Zuelen iwwert den Décrochage Scolaire no (déi vun 2015-16), leider nach ëmmer méi schwéier an der Schoul ewéi Lëtzebuerger, wat natierlech op d’Sprooch zeréckzeféieren ass.

Efforte gi gemaach, och am Enseignement. Se ginn ni duer, mee d’Evolutioun schéngt ënnert dem Stréch positiv ze sinn. Aus enger Etüd vum Jerome Tourbeaux vun 2012 fir de Fuerschungsinstitut CEPS-Instead (haut Liser) liest een eraus, datt d’sozio-ekonomesch Integratioun éischter erfollegräich ass. D’Nofare vun de Portugisen, déi an de 60er a besonnesch an de 70er Joren an de Grand-Duché koumen, hunn eng sozial Mobilitéit no uewen erlieft. Hir Virfare koumen aus bescheidenen Deeler vu Portugal: d’Männer hunn eis Haiser gebaut an d’Frae gebotzt. Dat ass dacks nach ëmmer de Fall, mee haut hu Portugisen, respektiv Lëtzebuerger mat portugiseschen Originnen, all Niveaue vun der Gesellschaft erreecht. Si hu Betriber oder hunn et op héich Posten am Privatsecteur, an der Fonction publique a souguer an d’Politik gepackt.

Den Tourbeaux verzeit mir hoffentlech, datt ech seng interessant Etüd graff resuméieren. Mee de Chercheur hätt ënnert anerem fest, datt Lëtzebuerg en Ëmfeld ubitt, deen eng Conciliatioun tëscht de lëtzebuergeschen a portugisesche Kulture fërdert. Allerdéngs misst ee sech froen, ob an Zukunft sozio-ekonomesch Entwécklungen, deen Equiliber riskéiert op d’Kopp ze geheien.

Dozou kann een e Constat vu mengem Kolleeg hei bei RTL, dem Pit Everling bäifügen: Hien huet viru manner ewéi 2 Joer d’Fro opgeworf, ob Lëtzebuerg ekonomesch nach attraktiv ass? An der Lescht bestätege Leit, mat deenen ech schwätzen, datt déi Fro pertinent ass an datt d’Politik gutt berode wier, dofir ze suergen, datt nach genuch Leit hei am Land déi Aarbecht maachen, déi vill vun eis net méi kënnen oder wëlle maachen. An Zäiten, wou d’Migratioun vu Verschiddener kritesch gesi gëtt, kéint een iwwerdeems aus der Lëtzebuergesch-portugisescher Geschicht méi Lektiounen zéien. De Journalist bei Contacto, de Ricardo J Rodrigues, hat iwweregens virun 2 Joer eng Lëtzebuerger Insulte géint Portugisen entdeckt, déi bei senge Compatrioten an him éischter Houfert ausléisen.

Portugal feiert de 25. Abrëll de 50. Anniversaire vu senger Revolutioun. Den nationale Musée um Fëschmaart organiséiert fir den Ulass eng Ausstellung. Dat ass eng wichteg Unerkennung fir déi wichteg Roll, déi eis portugisesch Frënn hei spillen. Ma mäi Kolleeg de Ricardo huet mech eng Kéier gefrot, ob et eng “Avenue du Portugal” gëtt. D’Äntwert ass «Nee». Zu Mamer ass nieft der Rue de Rome, der Rue d’Athenes an der Rue de Berlin, d’Rue de Lisbonne, mee eigentlech hätt Portugal scho laang eng Avenue oder e Boulevard hei am Land verdéngt.

Eigentlech ass ee näischt schëlleg an et huet keen eppes gefrot. Mee wann ee mech freet, hunn d’Portugisen, genee ewéi d’Italieener, d’Capverdianer an all déi aner, déi hei an d’Land komm sinn, eist Liewe beräichert.

Ech feieren dat!

Back to Top
CIM LOGO